Quizowend am Oekosoph

Chargement de la carte…

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 25/06/2019
18:00

#_EV_LOCATION
Oekosoph Pafendall

#_EV_CATEGORIES


Et ass erëm sou wäit… No enger vill ze laanger Paus, mellt de „Quiz-Comité“ (also eis gutt bekannten Organisateure vum Quiz) sech zréck fir déi 7. Editioun! Am Gepäck hunn sie eng ganz Rei flott Froen zu den Theme Kärfusioun, Quantephysik, der Erliichtung oder der éiweger Jugend…awer och sécherlech déi eng oder aner manner onméiglech Fro.

Wëssen, Kreativitéit a Virwëtz gi wéi ëmmer mat flotter Atmosphär an awer och mat Cadeaue belount.

Aschreiwe kënnt Dir Iech ab 18.00 Auer sur place am Bistro (3 Euro). Um 19.00 Auer gëtt mam Quiz ugefaangen.

Duerfir: kommt laanscht, stëbst ee vun de ville flotte Cadeauen of, léiert nei Leit kennen a verbréngt e flotten Owend.

Ze iesse gëtt et vum Lou Steichen, dem Restaurateur vum Oekosoph, ma zerwéiert vun der gutt bewäerter Oekosophs-Equipe vum Mouvement.

Wann Dir deen Owend eppes iesse wëllt, da sot w.e.g. bis Donneschdes, den 20. Juni um 12.00 Auer Bescheed: meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1 (w.e.g.  uginn wéi e Menü Dir wëllt). Um Menü steet Quiche mat Zalot fir jeweils 13,90 Euro.

 

Menü 1: vegan

Menü 2: vegetaresch

Menü 3: lorraine (déi “klassesch”)