Fir ze schmaachen an ze lauschteren

Chargement de la carte…

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 22/03/2018
19:30

#_EV_LOCATION
Oekosoph Pafendall

#_EV_CATEGORIES


Eng Liesung vu lëschtegen, verspillten, beschreiwenden Texter zum Thema “Kachen an Iessen” … agebett an e leckert marokkanescht Iessen

Donneschdes, den 22. Mäerz ab 19.30 am Oekosoph, 6, rue Vauban, Pafendall. 

An der Literatur, och aus Lëtzebuerg, gëtt et eng ganz Rei Texter déi ronderëm eng vun eise léifste Beschäftegungen dréien: dem Iessen. Méi verspillter, kabarettistescher méi eeschter oder méi besënnlecher. De Roll Gelhausen an den Alain Adams wäerten eis eng ganz interessanten Auswiel virdroen … (2 x 20 Minutten) a parallel gitt Dir verwinnt mat gudder marokkanescher Kichen, preparéiert vum Céline aus der Equipe vum Oekosoph.

An zwar gëtt et e waarme vegetaresch-orientaleschen Degustatiounsteller mat 4 leckere Plat’en aus der marokkanescher Kichen: Lënsentajine mat Ingwer a Ras-el-Hanout; Shakshuka (Paprikageméis mat allerlee Gewürzer); Wuerzelszalot a Couscous mat Kurkuma a Koriander, dat Ganzt mat engem Flapp cremege Jughurt. Als Appetizer ginn et nach Olive mat Kardamom an Harissa.

Präis: 22 Euro.

Duerfir: en Owend net fir ze verpassen. Mëllt Iech w.e.g. u bis spéitstens de Méinden, 19. Mäerz um 10.00 Auer um Tel. 439030-1 oder meco@oeko.lu.

Wie selwer Loscht huet eng kleng Amuse Bouche bäi ze steieren a Form vun engem Text zu dësem Thema, deen em um Mo läit (am gudde Sënn vum Wuert), dee kann deen dësen Owend och gären zerwéieren. Wéi heescht et sou schéin: Och wann ee mengt et wier ee sat, e klengen Dessert geet ëmmer nach.