• Print Friendly


Vegan Valentine am Oekosoph

D’Vegan Society Luxembourg an de Mouvement Ecologique lueden Iech fir Feltesdag ab 19:30 an op e gemittlechen Piano-Owend am Oekosoph mat enger feiner Selektioun vu verschiddenen artisanalen, biologeschen, vegane Kéiser (matt Drauwen, Nëss, Gebeess, Brout…) an e Pättchen bio a vegane Wäin oder Crémant fir déi, déi wëllen…an als Dessert gëtt et Kokoscreme mat Hambierpuree a Mandelbliedercher.

Fir eng romantesch Valentinsdag-Ambiance suergen den „Earthling Daniel“ um Piano zesumme mam « Morrigan », enger charmanter Pianistin aus Däitschland.

Eng Umellung am Virraus ass néideg, an zwar per email un contact@vsl.lu, a mat der Iwwerweisung vu 25€ pro Persoun (Kéisteller + Dessert, ouni Gedrénks) op de Kont vun der VSL IBAN LU60 0019 4355 2831 7000 (Referenz: Vegan Valentine – « Aere Numm ») ass är Plaz definitiv reservéiert. Dir kritt no puer Deeg eng Confirmatioun per email.

Well d’Plazen limitéiert sinn an den Event déi leschte Kéier séier ausverkaf war, rode mir iech, iech sou séier wéi méiglech unzemellen, déi éischt si vir (Datum vum Virement).

 

More infos about the event and the VSL in 3 languages (EN, DE, FR) on the website: www.vsl.lu