• Print Friendly


Uuchten am Oekosoph

Iwwert den Hiescht-Wanter organiséieren eng Rei Leit 4 Uuchten am Oekosoph. Déi eischt ass de Mëttwoch, de 16. November 2016 vun 19h30 bis 22h00. Den Entrée ass fräi… an natierlech kann een och eppes iessen an drénke kommen, ouni un der Uucht deelzehuelen.
Ëm wat geet et?: An de Wanterméint ginn d’Deeg méi kuerz an d’Nuechte méi laang. A fréieren Zäiten, wéi et nach keng Elektrizitéit gouf, du sinn d’Leit mateneen an d’Uucht gaangen. Si hunn sech beienee gesat fir Neiegkeeten ze tauschen, Geschichten ze verzielen, Lidder ze sangen oder soss eppes ze kniwwelen. Doduerch gouf och Holz a Liicht gespuert. Ënnert der “Leedung” vum Christian Ries, Catherine Hengesch a Camille Kerger gëtt an der Uuecht am Oekosoph en internationale Programm mat weltleche Lidder op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Portugisesch, Englesch an Italienesch gesongen. De Gesank gëtt begleet mat Piano, akustescher Gittar an/oder Akkordeon. Jiddereen ass wëllkomm, och wann een net wëll sangen an nëmmen nolauschteren oder d’Zesummesinn mat Kollegen oder den Oekosoph genéisse wëll. Fir d’Deelhuelen un der Uucht sollt Dir Iech awer vgl. umëllen: www.uucht.lu