• Print Friendly


Trëppeltour iwwer den Hutbierg zu Rëmeleng

Download(s)

Am Kader vun „En Dag an der Natur 2019“ organiséiert d‘Gemeng Rëmeleng an d’“Commission de l’Environnement et pour la Protection de la nature” gemeinsam mam Mouvement Ecologique a senger Regional Süden en Trëppeltour iwwer den Hutbierg zu Rëmeleng de 14. September um 10.00 Auer um Hutbierg. Rendezvous ass um 9.30 Auer op der Gemengeplaz, wou eng Gratis-Busnavette steet fir op d’Plaz ze fueren.

Guide sinn de Marc Schoellen, Kulturhistoriker an de Roger Schauls, Biolog. Och wann d’Charakteriséierung „Paradäis aus Mënschenhand“ fir dës fréier Tagebaufläch scho bal zum Cliché verkomm ass, bleift et hei ëmmer nach eng Tatsaach. D’Spure vum Raubbau si vernarbt, selte Planzen an Déieren hunn hei hier Réckzuchsgebidder fonnt. Déi héich Biodiversitéit vun dëse Fläche wäert dann och den Thema vun dëser liichter Wanderung vun 2 Stonne sinn.