• Print Friendly


Quizowend

Mëttwochs, den 1. Februar 2017 ëm 19:00  invitéiere mir häerzlechst op déi 4. Editioun vun eisem Quizowend am Oekosoph. Och dës Kéier kënnt Dir Äert Wëssen zu den all/ on-méiglechsten Themen ënner Beweis stellen. Fir d’Wanter Editioun, hu mer eis natierlech och kulinaresch erëm eppes afale gelooss. Et gëtt Chilli mat an ouni Fleesch an de Glühwäin dierf natierlech och net feelen. Gespillt gëtt erëm a Gruppen (Gréisst vun de Gruppen hänkt vun den ageschriwwene Leit of), sou datt mir hoffen datt sech d’Leit spontan a Gruppen zesummefannen. Wann dir Iech wëllt op de Quiz an op déi gestalte Froe virbereeden, da mengt alt! Kommt laanscht a probéiert ee vun de ville flotte Cadeau’en ofzestëbsen. Aschreiwe kënnt Dir Iech ab 18:00 sur place am Bistro (3 Euro). Um 19:00 fänke mir mam Quiz un. Duerfir, kommt laanscht op eise Quiz a léiert nei Leit kennen, stellt Äert Wëssen ënner Beweis a verbrengt en flotten Owend.