• Print Friendly


Oekosoph – ab elo erëm op! – mat neiem Konzept

Et ass esou wäit! Den Oekosoph mécht seng Diere nei op!

D’Philosophie vum Lou Steichen an dem Oekosoph ass: esouvill wéi méiglech bio, aus der Regioun, vegetaresch a vegan. Datt dës Menüen am Oekosoph eng Prioritéit hunn, ass selbstverständlech: manner Fleesch a méi Geméis iessen ass aus der Siicht vum Déiereschutz, der nohalteger Landwirtschaft, dem Klimaschutz, dem Respekt vun der drëtter Welt a net zulescht der Gesondheet noutwendeg.

D’Fleesch wat ugebuede gëtt entsprécht och klore Qualitéitskritären: net nëmmen datt et bio ass, ma awer och datt mir dat ganzt Béischt ver-wäerten (“from nose to tail”), och beim Wëld. Mir sinn natierlech fir eng nohalteg Juegd no klore Kritäre vun dem Déiereschutz: mir bezéien eist Wëld vu verstännege Jeeër; vum Usetz oder bei enger Beweegungsjuegd erluecht.

Weider organiséiert d’Equipe vum Mouvement Ecologique Sonndes, Méindes oder Dënschdes extra Veranstaltungen… Loosst Iech iwwerraschen. Sproochecafé a Spillowender solle natierlech weider sinn.

 

Menüskaart vum 1. bis den 6. Abrëll (PDF)

 

Reservéiere kënnt Dir via Tel 439030-91 oder
Tel 621 297242

 

Kommt laanscht an déi besonnesch gemittlech Brasserie mat der aussergeweinlecher Terrasss.

 

D’Ëffnungszäite sinn (elo) tëscht dem 1. September – 1. Juni

* Mëttesstonn:            Méindes – Freides vun 11.30 – 14.30 Auer

* Owes:                        Mëttwochs – Samschdes vun 17.00 – 23.00 Auer
woubäi Mëttwochs den Oekosoph weider gefouert gëtt vun der éierenamtlecher Equipe vum Mouvement Ecologique gefouert gëtt (an e bësse méi eng kléng Kaard ugebuede gëtt).

D’Ëffnungszäite  an de Summerméint (1. Juni – 1. September), do ass méi laang op:

* Mëttesstonn:            Méindes – Dënschdes vun 11.30 – 14.30 Auer

* Owes:                        Mëttwochs – Samschdes vun 11.30 – 23.00 Auer