• Print Friendly


Kabar Ö – „Total am Bësch” eng kabarettistesch Vue op eng Mouvementéiert Zäit

De klenge Lëtzebuerger Mikrokosmos, “déi do uewen déi decidéieren” – “déi do ënnen déi knadderen”, d’Loscht op Konsum – de Verdross virun der Verännerung vun der Landschaft, Engagement, Atomkraaft, Wirtschaftswuesstem, Politikverdrossenheet: Themen, déi haut ganz aktuell sinn.

Ma wéi war dat virun 10, 20, 30 Joren a méi? Ass haut alles besser? Wat ass muer?

Zum Ulass vum 50. Gebuertsdag vum Mouvement Écologique huele mir Iech mat op eng kabarettistesch Zäitrees, mat sprëtzegen, interessanten « ale » Nummere vu bekannten oder manner bekannte Kabarettiste bis hin zu e puer neien aktuellen Nummeren. A wie weess, vläicht ass villes wat mer haut soen, guer net esou nei. Oder iren dach?

All eis nohalteg Texter sinn op recycléiertem Pabeier geschriwwen a sämtlech Pointe biologesch ofbaubar.

Et spillen: Alain Adams, Raymond Bertemes, Carole Doffing, Nicole Keiser-Jedrysiak, Irène Zeimes

Mat Texter vun: Alain Adams, Josy Braun, Roland Gelhausen, Jhemp Hoscheit, Josiane Kartheiser, Pir Kremer, Roland Meyer, John Moris, Jay Schiltz, Jemp Schuster

Regie: Clod Thommes

Musek: Paul Dahm a Camille Nanquette

Organisatioun: Mouvement Ecologique asbl.

 

Mat der Ënnerstëtzung vun  

 

Toureplang

Première:

Mëttwoch, 13. Februar 2019 um 20.00

Et si nach just e puer Balonsplaze fräi

Sang a Klang Pafendall, au coin rue Vauban/rue des 3 Glands, L-2663 Luxembourg

Reservéierung: reservation@meco.lu

Organisatioun: Mouvement Ecologique a seng Regional Stad Lëtzebuerg

 

Donneschden, 14. Februar 2019 um 20.00

Sang a Klang Pafendall, au coin rue Vauban/rue des 3 Glands, L-2663 Luxembourg

Reservéierung: reservation@meco.lu

Organisatioun: Mouvement Ecologique a seng Regional Stad Lëtzebuerg

 

Sonnden, 24. Februar 2019 um 18.00    COMPLET

Centre Culturel Cube 521, 1-3, Driicht, L-9764 Marnach   

Reservéierung : http://www.cube521.lu/de/programm/Kabar-Oe-TOTAL-AM-BESCH_637_637_716.html

Organisatioun: Cube 521

 

Mëttwoch, 27. Februar um 20.00

CHNP (Centre Hospitalier Neuro Psychiatrique), 17, av. des Alliés, L-9012 Ettelbreck

Reservéierung: reservation@meco.lu

Organisatioun: Mouvement Ecologique a seng Regional Nordstad

 

Donneschden, 28. Februar 2019 um 20.00

Festsall vum Atert-Lycée Réiden, 1, rue du lycée, L-8508 Redange

Reservéierung: nicole.plier@alr.lu oder 26 62 32 210
(9.00-12.00 sowie 13.00-16.00)

Organisatioun: Mouvement Ecologique a Kollaboratioun mam Sportsdepartement aus dem Atertlycée

 

Samschden, 2. Mäerz 2019 um 20.00

Trifolion Echternach, 2, porte St. Willibrord, L-6486 Echternach

Reservéierung: http://bit.ly/2RL5AVK

Organisatioun: Mouvement Ecologique a seng Regional Mëllerdall

 

Mëttwoch, 13. Mäerz 2019 um 20.00

Aalt Stadhaus Déifferdeng, 38, av. Charlotte, L-4530 Differdange

Reservéierung: https://www.luxembourg-ticket.lu/de/8/nokill,1/eid,14965/kabaroe-total-am-b%C3%ABsch-eng-kabarettistesch-vue-op-eng-mou.html

Organisatioun: Mouvement Ecologique a seng Regional Süden

 

Freiden 15. a
Samschden 16. Mäerz 2019 um 20.00

Miersch Nic Welterschoul, ale Festsall, place de l’Eglise, L-7533 Mersch

Reservéierung: reservation@meco.lu

Organisatioun: Mouvement Ecologique a seng Regional Miersch an Emgéigend

Mir bedaueren datt d’Schoul net fir Leit am Rollstull gëeegent ass (e puer Trapen am Agang a virun allem keen Zougang zu den Toiletten). Dëst war bei der Reservatioun vum Sall net bekannt. Mir hoffen, datt déi betraffe Leit op en aneren Termin auswäiche kënnen.

 

Donneschden, 4. Abrëll 2019 um 20.00

Centre Culturel Régional opderschmelz, 1a, rue du Centenaire, L-3475 Dudelange

Reservéierung: reservation@meco.lu

Organisatioun: Mouvement Ecologique a seng Regional Süden

 

Donneschden, 25. Abrëll 2019 um 20.00

Centre Culturel Kulturfabrik, 116, rue de Luxembourg, L-4221 Esch-sur-Alzette

Oppassen: Anere Präis: desen Owend ass mat Iessen! Präis: 55 Euro

Reservéierung: reservation@meco.lu

Organisatioun: Mouvement Ecologique a seng Regional Süden

 

Samschden, 27. Abrëll um 20.00

Kultursall, Campus Scolaire, L-7339 Steinsel

Reservéierung: reservation@meco.lu

Organisatioun: Mouvement Ecologique a seng Regional Uelzechtdall

 

 

WICHTEG BESTEMMUNGEN FIR D’RESERVATIOUN:

De Präis pro Ticket ass: 20 Euro, 10 Euro fir Studenten an Aarbechtsloser

Reservéiert w.e.g iwwer déi betreffend Email-Adress oder iwwer Tel: 439030-1, wa keng aner Nummer genannt ass.

Dir kritt dann eng Bestätegung vun eis geschéckt.

Falls d’Veranstaltung net ausgebucht ass kritt Dir natierlech och Ticketen an der Oweskees

Dir fannt all Informatiounen derzou hei um Site

 

 

Op Besuch bei aneren Organisateuren

 

Freiden, 15. Februar 2019 um 20.30

Léifreg, an der Bud (Haaptstrooss)

Organisatioun: Syndicat d’Initiative de Liefrange

Réservatioun: sileifreg@gmail.com

Präis: 15 Euro

 

Sonnden, 3. Mäerz 2019  um 17.00

Salle ArcA, 17, rue Atert, L-8051 Bertrange,

Organisatioun: Club Soroptimist international Luxembourg-Doyen

Réservatioun: doyen@soroptimist.lu oder 691 712 969 no 15.30

Präis: 20 Euro

 

Freiden, 8. Mäerz 2019 um 20.00

Centre culturel Turelbach, 22, rue Principale, L-9168 Mertzig

Organisatioun: Eventkommissioun vun der Gemeng Mäerzeg

Réservatioun: inscription@mertzig.lu
Präis: 20 Euro