• Print Friendly


Generalversammlung 2020 vun der Regional Miersch an Emgéigend mat Virtrag iwwer de Biodiversitéitsverloscht

“Wann d’Léierchen net méi séngt …“ Wat maache géint de Verloscht u Biodiversitéit?

Virtrag mam Rosch Schauls a Claire Wolff, Biologen, aktiv am Naturschutzgrupp vum Mouvement Ecologique, de 27. Februar um 18.30 Auer am Veräinsbau zu Miesdref, (salle des sociétés Moesdorf), 10, rue d’Ettelbruck, L-7462 Moesdorf

D’Klimaverännerunge sinn „à la une“, déi Jonk ginn derwéinst op d’Strooss. An dat ass gutt an immens wichteg!

Mee: do dernieft gëtt et en net manner groussen Challenge vun eiser Gesellschaft: den dramatesche Verloscht vun Aarten, natierleche Liewensraim an domat der Biodiversitéit. Wéi d’Klimaverännerung och, geschitt dat schläichend. Duerfir brauch et wuel och Zäit, bis et an d’Bewosstsinn vun eis all réckelt.

D’Verschwanne vun ëmmer méi Insektenaarten ass elo wuel fir eis all méi kloer ginn, mee deen Réckgang gëllt och fir eng ganz Rei vun aneren Déierenaarten.

Eis Kulturlandschaften veraarmen ëmmer méi ënnert dem Afloss vum Iwwerliewensdrock an deem eis Landwirtschaft steet, der ongebremster Urbaniséierung…

Wat ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg? Wou leien d’Ursaachen fir déi alarméierend Entwécklung? Wat muss geschéien z.B. an der Naturschutzpolitik selwer, an der Landesplanung, um Niveau vun der Landwirtschaft a bei de Pestiziden?

Wat ass de Roll vun der Politik, enger Gesellschaft, ONGen an dem Eenzelen?

Kommt laanscht an diskutéiert mat!

 

Generalversammlung 2020

Uschléissend dodrun ass dann déi alljärlech Generalversammlung, um 20.00 Auer am Restaurant «beim Nuddelskniwweler», zu Miesdref bei Miersch.

Programm: 

  • Begréissung
  • Aktivitéitsrapport
  • Rapport vum Caissier
  • Divers

Fir d’Iessen duerno mellt Iech am beschte bis den 22. Februar beim Pierrette Maas  pierrette.maas@education.lu

 

date de publication: 04.02.2020
Retour