Politique communale
  • Print Friendly


Gemengewalen 2017 – de Mouvement gëtt aktiv: Invitatioun op Memberforen.

Et ass esou weit. D’Gemengewalen kënnege sech un. An do ass et eng Traditioun, datt de Mouvement Ecologique Ureegungen fir nohalteg Gemengen ausschafft. Dat och 2017. Dës Memberforen sinn eng gutt Méiglechkeet sech ze informéieren, auszetauschen a néi Iddieën ze entwéckelen. Si sinn och eng gutt Geleeënheet fir jiddferen, dee Loscht huet sech méi an en Thema eranzeschaffen. Fir eis Fuerderungen / Ureegungen auszeschaffen luede mäer op 4 verschidde Memberforen an. All Member ass häerzlech wëllkomm! Mir si frou fir jiddfereen dee sech abréngt, oder och just nolauschtere wëll.

 

D’Memberfore si jeeweils vun 18.15 – 21.30 am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Pafendall – Stad. Et gi Bréidercher, e Stéck Tuart a Gedrénks. Eng Umeldung bis jeeweils den Dag virdrun ass wéinst de Bréidercher erwënscht: Tel. 439030-1, meco@oeko.lu. Do kann een och weider Informatiounen nofroen.

 

4 Memberforen: Austausch, nei Iddiën, Diskussioun

 

Meinden, de 16. Januar 2017

 

  • Natur- a Landschaft – Bësch: D’Séil vun der Gemeng oder Aktiven Natur- a Landschaftsschutz an der Gemeng
  • Gesondheetsförderung a präventive Gesondheetsschutz: och eng kommunal Erausfuerderung

 

 

Mëttwoch, den 1. Februar 2017

 

  • Drénk-, Of- an Iwwerflächewasser – Waasser als Liewensquell: Gemengen ginn aktiv!
  • Loft, Kaméidi, Buedem: Ressourceschutz fir eng gesond Ëmwelt
  • Eng Gemeng vun a fir BiergerInnen: Biergerbedeelejung an e méi un Demokratie

 

 

Mëttwoch, den 15. Februar 2017

 

  • Prioritéit fir eng douce Mobilitéit a fir attraktiv ëffentlech Raim: Eng Gemeng fir Foussgänger, Vëlo, ëffentlechen Transport …
  • Bauen a Wunnen / Siedlungsentwécklung: eng attraktiv Gemeng duerch eng bewosst Entwécklung

 

 

Donneschden, den 9. März 2017

 

  • D’Zil: eng klimafrendlëch an energieautark Gemeng

Dank regionaler Wirtschaft eng nohalteg Entwécklung ënnerstëtzen

Eng “nohalteg” Finanzpolitik: gesellschaftlech Prioritéite setzen!

 

Weider Infoen fannt Dir am Flyer an den Downloads