Generalversammlung – Kongress 2014

Lade Karte ...

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 22/03/2014
14:00 - 18:30

#_EV_LOCATION
Centre Culturel Luerentzweiler

#_EV_CATEGORIES


Kommt op de Kongress 2014 vum Mouvement Ecologique e Samschden, 22. Mäerz 2014 vu 14.15 – 18.30 Auer am Centre Culturel zu Helmdange, 120, rte de Luxembourg, Luerenzweiler

Och wann Dir am Laf vum Joer vläicht net u Projete vum Mouvement Ecologique deelhuelt: Eemol d’Joer bitt sech besonnesch d’Geleeënheet ze weisen, datt Dir hannert «Ärer» Organisatioun stitt. Dës Solidaritéit ass immens wichteg an hëlleft och onse Fuerderunge bei der Politik an an der Ëffentlechkeet deen néidegen Nodrock ze ginn. An ausserdeem: se ass ëmmer eng Geleeënheet fir e flotten Austausch mat anere Leit, ureegend Diskussiounen an enger produktiver Atmosphère ze hunn.

Nieft dem statutareschen Deel vum Kongress wäerten eis och de François Bausch, Nohaltegkeetsminister, d’Carole Dieschbourg, Emweltministerin an de Camille Gira, Staatssekretär am Nohaltegkeetsministère hir Prioritéiten duerleën an eis Ried an Äntwert stoen, wat secherlech ganz interessant wäert ginn.

  • De Programm am Detail fand Dir an den Downloads

Um Kongress ginn awer och Ofännerungsvirschléi zum interne Reglement vum Mouvement Ecologique duergeluet. All Informatiounen dozou fannt Dir an den Downloads

Falls Dir Froen oder Remarken htt, dann deelt eis déi matt: meco@oeko.lu.

Jiddferen ass och häerzlech wëllkomm owes mat Iessen ze goen, umëlle kann ee sech bis den 19. März ëm 12.00 Auer via meco@oeko.lu

  • De Restaurant an d’Menuauswiel fand Dir an den Downloads

Merci datt Dir als Member op de Kongress 2014 kommt!