• Print Friendly


Generalversammlung – Kongress 2015 vum Mouvement Ecologique

All Member as häerzlech op d’Generalversammlung – de Kongress 2015 vum Mouvement Ecologique

e Samschden, 21. Mäerz 2015 vu 14.15 – 18.30 Auer am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Luxembourg invitéiert.

Nieft dem statutareschen Deel vum Kongress – Tätegkeetsbericht, Finanzrapport, Neiwiel vum Verwaltungsrot – wäerten Themen Naturschutz – Siedlungsentwécklung – Landesplanung an d’Biergerbedeelegung am Virdergrond stoen.

Och wann Dir am Laf vum Joer vläicht net u Projete vum Mouvement Ecologique deelhuelt: Eemol d’Joer bitt sech besonnesch d’Geleeënheet ze weisen, datt Dir hannert «Ärer» Organisatioun stitt. Dës Solidaritéit ass immens wichteg an hëlleft och onse Fuerderunge bei der Politik an an der Ëffentlechkeet deen néidegen Nodrock ze ginn.

Et ass vill méi wéi nëmmen eng Formalitéit. Duerfir: w.e.g. kommt op d’Generalversammlung!

An ausserdeem: se ass ëmmer eng Geleeënheet fir e flotten Austausch mat anere Leit, ureegend Diskussiounen an enger produktiver Atmosphäre ze hunn.

  1. Deel vum Kongress: Statutareschen Deel

  • Begréissung duerch den Emile Espen, President vun der Regional Stad Lëtzebuerg
  • De Bilan a Biller vun den Aktivitéiten am Joer 2014, mat engem Ausbléck an d’Zukunft vu
    – Mouvement Ecologique
    – Oekozenter Pafendall
    – Stëftung Oekofonds
    – Klima-Bündnis Lëtzebuerg
  • D’Wuert vun der Presidentin
  • Finanzrapport vum Trésorier a vun de Revisoren – Décharge
  • Décharge vum Verwaltungsrot
  • Neiwiel vun de Membere vum Verwaltungsrot resp. vun de Keesse-Revisoren
    Kandidature fir de Verwaltungsrot solle w.e.g. schrëftlech bis de 15. Mäerz beim Mouvement Ecologique (meco@oeko.lu) eragereecht ginn.
  • Virschlag fir 2 Motiounen,
  • Fräi Aussprooch

Di 3 Resolutiounspropose vum Verwaltungsrot fannt Dir an den Downloads

Fir eng lieweg Bedeelegungskultur u politesche Prozesser fir all BiergerInnen verwaltungsrat kongress 2015

Freihandelsabkommen CETA und TTIP: Aufruf an die Regierung, die Abgeordnetenkammer und die politischen Parteien

Vermeintlicher Wachstumszwang in breiter öffentlicher Diskussion hinterfragen

Gäre kennt Dir eis och Froen / Remarken derzou am Virfeld vum Kongress zoustellen: meco@oeko.lu.

Virschléi fir weider Motioune w.e.g. bis de 14. Mäerz wa méiglech schrëftlech erareechen (meco@oeko.lu, Tel. 439030-1).

Bréngt Äer Memberskaart w.e.g. mat op d’Generalversammlung.

 

  1. Deel vum Kongress: Natur- a Landschaftsschutz – Siedlungsentwécklung a Landesplanung: Wou sti mer? Wou wëlle mer hin?

De Verloscht vun Déieren- a Planzenaarten zu Lëtzebuerg hëlt nach ëmmer zou, natierlech Liewensraim ginn ëmmer méi rar. Dëst ass net nëmmen aus Naturschutzsiicht e Problem, mee och fir de Mënsch: Verloscht vu Noerhuelungsgebidder, Liewesqualitéit an awer och Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg. Sécherlech lafe positiv Initiativen an awer: den Drock op d’Biodiversitéit geet ongehemmt weider.

Et geet heibäi och ëm grondsätzlech Froen:

Wat ass de Wäert vu enger Vugel- oder Fliedermausaart par Rapport zur Terrain-Spekulatioun? Wat ass de Stellewäert vum Allgemengwuel vis-à-vis vu Privatinteressen? Ass d’Kompenséierung vun Agrëff an d’Natur net iergendwéi en „Ablasshandel“? Wéi kann ee Landwirtschaft an Naturschutz, Entwécklung vun Uertschaften a Landschaftsschutz zesumme féieren? An iwwert allem erëm d’Fro: wéi stelle mir eis e Lëtzebuerg an 20 Joer vir? Wou wëlle mäer histeieren?

No enger kuerzer Introduktioun wëlle mäer Ursaache vun der Entwécklung a méiglech Léisungen diskutéieren.

Duerfir: kommt laanscht! Weist Ären Interessi a profitéiert dervun mat ze diskutéieren.

No der Gespréichsronn ass zum Ofschloss nach eng Réceptioun mat Eirewäin / -jus.

Merci, datt Dir op d’Generalversammlung kommt!

Blanche Weber, Presidentin  an   Emile Espen, Trésorier

Zesummen Iessen am «Oekosoph», dem Bistro am Oekozenter Pafendall – Jiddereen ass häerzlech agelueden

Owes no dem Kongress ass traditionell e gemeinsamt Iessen, fir jiddereen dee Loscht huet. Dëst Joer eng Nouveautéit: mäer iesse zesummen an eisem Bistro am Oekozenter Pafendall: sei Numm ass «Oekosoph». Den Oekosoph geet den 22. Abrëll op an ass ab dann all Mëttwochs a Freides jeweils vun 15.00 – 23.00 op. E gëtt vun engem Grupp vun Eirenamtleche vum Mouvement Ecologique geleed.

Profitéiert vun dëser Geleenheet gemittlech zesummen an eisem neie Bistro eppes ze iessen.

Mellt Iech w.e.g. un fir d’Iessen bis spéitstens Dënschdes, den 19. Mäerz, per E-mail: meco@oeko.lu oder Gréngen Telefon 439030-1. De Menu fannt Dir am pdf en annexe.

 

Mat Zuch / Bus / zu Fouss op d’Generalversammlung:

Zu Fouss kommt Dir an 10 Minute vum Fëschmaart oder vun der «Côte d’Eich»
Mam Velo: en iwwerdachte Velosstänner ass direkt beim Oekozenter
Mam Bus: D’AVL Linn 19 fiert an de Pafendall:
Départ Hamilius, Quai 4 :13.07 / 13.37 all 30 Minuten – Arrivée Théiwesbur 13.17 / 13.47
Retour Départ Théiwesbur Pafendall: 18.31 / 19.01 all 30 Minuten – Arrivé Hamilius 19.01 / 19.31