move. – Gemengewahlen 2017: Ech sinn dobäi!

Lade Karte ...

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 07/03/2017
19:30 - 21:30

#_EV_LOCATION
De gudde Wëllen

#_EV_CATEGORIES


Aktiv sinn an denger Gemeng. Firwat? A wéi?

Infoowend fir Jonker zu de Gemengewahlen 2017 de 07.03.2017 vun 19.30 – 21.30 am Gudde Wëllen.

mat dobäi sinn:

Roberto Traversini – Buergermeeschter Déifferdéng
Dan Biancalana – Buergermeeschter Diddeleng
Blanche Weber – Presidentin Mouvement Écologique

Du wollts schonn ëmmer wësse wéi’s de dech an denger Gemeng kanns abréngen a wat eng Gemeng iwwerhaapt kann entscheeden?

Da komm laanscht an de Gudde Wëllen. Zesumme mat zwee Buergermeeschteren an der Presidentin vum Mouvement Écologique kanns du iwwert deng Virstellunge vun enger zukunftsfäeger Gemeng diskutéieren.

Op dësem Owend gëss de och gewuer wéi eng Méiglechkeeten et ginn sech an der Gemeng mat anzebréngen.

Mell dech am beschten iwwer e Mail unn: move@oeko.lu. Sou kënne mer aschätzen wéivill Leit kommen.

 

Méi Infoen op: www.move.meco.lu