Mam Rosch duerch de Pafendall

Lade Karte ...

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 13/07/2019
16:30

#_EV_LOCATION
Oekosoph Pafendall

#_EV_CATEGORIES


Den Oekosoph luedt an op en Tour mat uschléissendem Iessen de Samschden, den 13. Juli um 16.30

Spadséiernomëtteg duerch de Pafendall fir déi ganz Famill mam Schauls Rosch. Mat e sëlleche flotte Vuen a mam Rosch sengen Explikatiounen iwwer d’Flora a d‘Fauna.

Et geet fort beim Oekosoph, 6, rue Vauban, Lëtzebuerg/Pafendall 

Den Tour wäert ongeféier 1,5 Stonn daueren. Dono raschte mer op der flotter Terrasse vum Oekosoph a loossen eis verwinne mam Lou sengen Spezialitéite vum Grill souwéi engem groussen Zaloten-Buffet derbäi. Mir denken och un déi Leit déi kee Fleesch iesse wëllen.

Präis vum Buffet: 22.00 € fir déi Grouss an 12.00 € fir d’Zwergen ab 6 Joer

Eng Umeldung fir den Tour mam Iessen ass onbedengt néideg. Mellt Iech un um 621 297 242 oder oekosoph@oeko.lu