Kabar Ö – „Total am Bësch” eng kabarettistesch Vue op eng Mouvementéiert Zäit zu Réiden

Lade Karte ...

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 28/02/2019
20:00

#_EV_LOCATION
Atert-Lycée Réiden

#_EV_CATEGORIES


Donneschden, 28. Februar 2019 um 20.00

Festsall vum Atert-Lycée Réiden, 1, rue du lycée, L-8508 Redange

Reservéierung: nicole.plier@alr.lu oder 26 62 32 210 (wärend der Schoulvakanz Tel: 439030-1)
(9.00-12.00 sowie 13.00-16.00)

Organisatioun: Mouvement Ecologique a Kollaboratioun mam Sportsdepartement aus dem Atertlycée

 

De klenge Lëtzebuerger Mikrokosmos, “déi do uewen déi decidéieren” – “déi do ënnen déi knadderen”, d’Loscht op Konsum – de Verdross virun der Verännerung vun der Landschaft, Engagement, Atomkraaft, Wirtschaftswuesstem, Politikverdrossenheet: Themen, déi haut ganz aktuell sinn.

Ma wéi war dat virun 10, 20, 30 Joren a méi? Ass haut alles besser? Wat ass muer?

Zum Ulass vum 50. Gebuertsdag vum Mouvement Écologique huele mir Iech mat op eng kabarettistesch Zäitrees, mat sprëtzegen, interessanten « ale » Nummere vu bekannten oder manner bekannte Kabarettiste bis hin zu e puer neien aktuellen Nummeren. A wie weess, vläicht ass villes wat mer haut soen, guer net esou nei. Oder iren dach?

All eis nohalteg Texter sinn op recycléiertem Pabeier geschriwwen a sämtlech Pointe biologesch ofbaubar.

Et spillen: Alain Adams, Raymond Bertemes, Carole Doffing, Nicole Keiser-Jedrysiak, Irène Zeimes

Mat Texter vun: Alain Adams, Josy Braun, Roland Gelhausen, Jhemp Hoscheit, Josiane Kartheiser, Pir Kremer, Roland Meyer, John Moris, Jay Schiltz, Jemp Schuster

Regie: Clod Thommes

Musek: Paul Dahm a Camille Nanquette