Kabar Ö – „Total am Bësch” eng kabarettistesch Vue op eng Mouvementéiert Zäit zu Miersch

Lade Karte ...

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 15/03/2019 - 16/03/2019
20:00

#_EV_LOCATION
Nic Welter Schoul ale Festsall

#_EV_CATEGORIES


Freiden 15. a
Samschden 16. Mäerz 2019 um 20.00

Miersch Nic Welterschoul, ale Festsall, place de l’Eglise, L-7533 Mersch

Reservéierung: reservation@meco.lu

Organisatioun: Mouvement Ecologique a seng Regional Miersch an Emgéigend

Mir bedaueren datt d’Schoul net fir Leit am Rollstull gëeegent ass (e puer Trapen am Agang a virun allem keen Zougang zu den Toiletten). Dëst war bei der Reservatioun vum Sall net bekannt. Mir hoffen, datt déi betraffe Leit op en aneren Termin auswäiche kënnen.

 

De klenge Lëtzebuerger Mikrokosmos, “déi do uewen déi decidéieren” – “déi do ënnen déi knadderen”, d’Loscht op Konsum – de Verdross virun der Verännerung vun der Landschaft, Engagement, Atomkraaft, Wirtschaftswuesstem, Politikverdrossenheet: Themen, déi haut ganz aktuell sinn.

Ma wéi war dat virun 10, 20, 30 Joren a méi? Ass haut alles besser? Wat ass muer?

Zum Ulass vum 50. Gebuertsdag vum Mouvement Écologique huele mir Iech mat op eng kabarettistesch Zäitrees, mat sprëtzegen, interessanten « ale » Nummere vu bekannten oder manner bekannte Kabarettiste bis hin zu e puer neien aktuellen Nummeren. A wie weess, vläicht ass villes wat mer haut soen, guer net esou nei. Oder iren dach?

All eis nohalteg Texter sinn op recycléiertem Pabeier geschriwwen a sämtlech Pointe biologesch ofbaubar.

Et spillen: Alain Adams, Raymond Bertemes, Carole Doffing, Nicole Keiser-Jedrysiak, Irène Zeimes

Mat Texter vun: Alain Adams, Josy Braun, Roland Gelhausen, Jhemp Hoscheit, Josiane Kartheiser, Pir Kremer, Roland Meyer, John Moris, Jay Schiltz, Jemp Schuster

Regie: Clod Thommes

Musek: Paul Dahm a Camille Nanquette