E satiresche Réckbléck op d’Méint Mee a Juni
Datum/Zeit
Datum - 30/06/2015
19:30
Veranstaltungsort
Oekosoph Pafendall
Kategorien
Dënschden, den 30. Juni 2015 um 19:30 am Bistro Oekosoph am Oekozenter Pafendall
Et ass scho bal eng Traditioun: déi regelméisseg kabarettistesch Liesungen am Oekosoph. Dës Kéier kommentéiert de Roland Gelhausen erëm op déi him eegen, satiresch an ironesch Aart a Weis, wéi hien déi läscht 2 Méint erlieft huet. Dobäi wäert hie wuel sécherlech erëm mat sengem Bléck op d’Politik an d’Gesellschaft begeeschteren, “kabarettistescht Fudder” gouf et jo genuch.
D’Liesungen gi wéi ëmmer musikalesch begleed. An den 9. Juli bréngt d’Lydie Philippy mat der Kachequipe «veggie-table» zousätzlech vegetaresch Leckereien als Fingerfood op den Dësch.
Entrée 15 €.
Bezuelt gëtt an der Oweskeess.
Well nëmmen eng begrenzten Zuel vu Leit méiglech ass, ass eng Umeldung iwwer meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1 noutwendeg. Déi éischt si vir!

