Den “aneren“ Nationalfeierdagowend mat Blues-Concert:
Datum/Zeit
Datum - 22/06/2016
17:00
Veranstaltungsort
Oekosoph Pafendall
Kategorien
Den Oekosoph läit idyllesch am Pafendall. Kommt den 22. laanscht, maacht e flotten Owend mat léiwe Leit. Genéisst och d’Musek vun der Blues-Formatioun 8BBB (8 Bar Blues Band) ab 20.30. Et spillen:
* Christian Ries, Stage Piano
* Lynn Weber, Vocals
* Paul Biwer, Blues Harp
* Benny Deleuran, Bass
* Alexander Deleuran, Drums
Dat bei Ham, gebootschte Gromperen an Zalot, natierlech am Bio – ( Vegetaresch Platen sinn och do), kuckt d’Freedefeier vum Pafendall aus … a wann Iech no Stad a méi Rummel ass, kënnt Dir ëmmer nach erop goen. Eng Umeldung ass net néideg, ma erliichtert eis d’Organisatioun awer. Duerfir Merci wann Dir Iech géift umellen! meco@oeko.lu, Tel. 439030-1.


