Bella Ciao… Protestlidder am Oekosoph
Lade Karte ...
Datum/Zeit
Datum - 18/10/2017
19:30 - 22:00
Veranstaltungsort
Oekosoph
Kategorien
Matenee sangen, laachen, an der Freed an an der Solidaritéit mat den ënnerdréckte Mënschen an der Welt. Dat ass Bella Ciao, en neie Projet deen dozou aluet, bei engem Patt al a manner al Protest-, Revolutiouns-, Anti-Krichs- an humanistesch Lidder erauszekropen an ze sangen. Et muss ee kee bestëmmten Niveau hunn ma just déi néideg Freed u schéi Begéinungen an tëschemënschlech Momenter. Mellt iech un iwwer d’ Internetsäit www.bellaciao.lu.

