Mobilität
  • Print Friendly


Eng verpasste Chance fir verbessert Bus-Zuch-Korrespondenzen an der Nordstad?

Et ass gewosst, datt an der Nordstad (net just) zu de Spëtzenzäite vill Staue sinn. Dofir sollen dann och demnächst Busspuren ageriicht ginn. Mee, dat geet net esou séier, an et ass och net iwwerall méiglech wou et néideg ass (z.B. zu Dikrech). Verschidde Buslinnen aus dem Osten erfort verpassen dofir regelméisseg (extrem dacks) den Uschloss zu Ettelbréck op der Gare op den Zuch fir an d’Stad, well den Horaire just an der Theorie klappt, awer net an der Realitéit. (Dat léisst sech haut liicht iwwerpréiwen, well d’Bussen an d‘Zich all per GPS ze orte misste sinn.)

Elo gëtt den Zuchhoraire geännert, well vum 14. Dezember un en Zuch am Hallef-Stonnentakt tëschent der Stad an dem Eisleck agefouert gëtt, wat eng gutt Saach ass. Dat wier dach elo déi Geleeënheet gewiescht, fir de Bushoraire an der Regioun net just un den neien Zuchhoraire, mee och un d’Realitéit unzepassen, ouni datt dat ee Su méi kascht. Mee, wat geschitt? De Bushoraire gëtt esou geännert, datt een de Bus den Zuch just kritt, wa keen Auto op der Strooss ass an och kee Mënsch mam Bus matfiert! Ganz dacks kann een dem Zuch nach wénken, wann een aus dem Bus klëmmt an de just aus der Gare erausfiert. Et muss een also e Bus éischter (eng ganz oder eng hallef Stonn!) huele fir sécher ze sinn, datt een den Zuch net verpasst fir mat Zäit op d’Aarbecht ze kommen! Oder 20 Minutten (!) zu Ettelbréck op der Gare waarden an de Schnellzuch huelen, deen allerdéngs net iwwerall hällt an och dacks Verspéidung huet. Vill Leit wäerte weider den Auto huele fir op d’Gare ze fueren a wa se keng Parkplaz fannen, da fueren se de ganze Wee bis an d’Stad mam Auto, besonnesch wann d’Nordstrooss op de Kierchbierg bis op ass, wat net zur Entspanung vun der Stauproblematik bäidréit. Op alle Fall gëtt ee weider gutt ugeschmiert, wann een dem Horaire vu Bus/Zuch mat der versprachener Ëmklammgeleeënheet vertraut.

An der Versammlung zu Ettelbréck, wou de Projet vun der neier Gare virgestallt gouf, war eng gewëss Hoffnung opkomm, datt den ëffentlechen Transport fir an d’Stad an zréck sech kinnt verbesseren, esou wuel vun den Infrastrukturen, wéi och vun der Planung hier.

Dësen neie Bushoraire, deen de 14. Dezember soll a Kraaft trieden, ass awer wat d’Norstad betrëfft ee Schlag an d’Gesiicht vun alle Leit, déi aus Iwwerzeegung Bus an Zuch fueren. Här Minister Bausch, loosst d’Horaire vun de Bussen an der Nordstad iwwerkucken an iwwerschaffen – wéi et schon ennert der virrechter Regierung och am Kader vun der Reorganisatioun vum Busnetz versprach ginn ass – a gitt de Leit nees d‘Vertrauen zréck, soss gleeft kee méi, datt eng nei Gare zu Ettelbréck eppes hëlleft! Wann dann all d’Moossnahme fir de Bus ze beschleunege gräifen, da kann den Horaire jo nees ugepasst ginn.