• Print Friendly


E satireschen-kulinareschen Réckbléck op de Mount

Mir wëllen Iech alueden op eng satiresch kulinaresch Vue op de Mounte Freideg den 1. August ëm 19.30 Auer am Bistrot vum Oekozenter Pafendall alueden. De Roland Gelhausen riskéiert e Bléck op de Mount. Awer net op dee Mount, deen iwwert eis um Himmel steet, mä op dee Mount deen hannert eis läit. Op de Mount Juli. Kommt a lauschtert wéi hien all eenzelnen Dag vum Juli erlieft huet. An dat wat en zielt ass net aus der Loft gegraff mä hien huet se sou erlieft. D’Noriichten déi e kommentéieren si reell. Heiansdo ass awer sécherlech seng Fantasie mat em duerch gaangen a seng satiresch a sarkastesch Oder huet sech geleeëntlech och alt emol breet gemaach.
bistrot zenterWat de Mount Juli alles un Iessbarem ervir bruecht huet, dat bréngt d’Lydie mat senger Kachequipe deen Owend op den Dësch. De Jitz Jeitz dréckt dësem Owend säi musikalesche Stempel op.
Well nëmmen eng begrenzten Zuel vu Leit méiglech ass a wéinst den Häppecher, ass eng Umeldung noutwendeg.

Entrée: 15 €. Bezuelt gëtt an der Oweskeess. Déi éischt si fir!

Umëlle iwer meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1. Merci, datt Dir Iech seier umellt (a mäer besser organiséiere kënnen)!