• Print Friendly


E satiresche Bléck op de Mount

Ee grousse Succès kennt och dem Roland Gelhausen seng Liesung „E satiresche Bléck op de Mount déi regelmässeg am Bistro vum Oekozenter Pafendall organiséiert gëtt. Kommt a lauschtert,wéi hien all eenzelnen Dag vum eischte Mount vum neie Joer erlieft huet. D’Noriichten déi hien op di him eegen satiresch a léif ironesch Art a Weis kommentéiert si reell a werfen en e besjen anere Bléck op d’Politik an eis Gesellschaf. D’Liesung gëtt wéi ëmmer musikalesch begleed. A wi gewinnt, bréngt d’Lydie Philippy mat senger Kachequipe vegetaresch Leckereien als Häppecher op den Dësch.
Rv ass den Sonnden, 1. Februar ëm 17.00 Auer an den Denschden, 3. Februar um 19.30 (de selwechte Programm). 6, rue Vauban am Pafendall.
Entrée: 20 € fir Memberen – 25 € fir Net-Memberen. Bezuelt gëtt an der Oweskeess.
Well nëmmen eng begrenzten Zuel vu Leit méiglech ass a wéinst den Häppercher, ass eng Umeldung iwwer meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1 noutwendeg. Déi éischt si fir!