• Print Friendly


Chreschtfeier fir eis Memberen mat de Makadammen an hierem Programm «Wiesselhoer»

De Mouvement Ecologique lued seng Memberen häerzlech an op seng traditionell

Makadammen 2014Chreschtfeier mat de Makadammen
an hierem Programm «Wiesselhoer»

e Samschden, den 13. Dezember um 19.30 Auer
am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, L – 2663 Luxembourg

“Mir mussen eis änneren, gëtt gesot. Jiddereen huet dach och scho mol dru geduecht, fir sech ze änneren. Mol eng Kéier anescht ze sinn. Anescht wéi déi aner… an och anescht, wéi ee selwer war, éier ee sech vu Grond op verännere wollt. Zum Besseren natierlech. Firwat net mol bei den Hoer ufänken. Vläicht einfach mol d’Hoer wiesselen. Als gudde Virsaz! Et wënscht ee sech e schéint neit Joer an eng Parréck aus Geessenhoer.

Dat ass jo och méi einfach, wéi sech ënnerlech ze änneren, awer et ass alt emol e gudden Ufank. Et huet ee méi séier aus blonde Krausele glat schwaarz Hoer gemaach, wéi datt aus verwuerelt Gedanke kloer a strukturéiert Aussoe ginn. Et muss ee sech änneren, fir ze bleiwen, wéi een ass, sot eise Premier a senger Ried zur «Laach» vun der Natioun. Sou eppes muss ee sech mol op der Zong zergoe loossen. A wa méiglech och nach verstoen. Soll dee Mann éire kee Coiffer hunn, deen em vun Zäit zu Zäit nolauschtert an de Kapp wäscht.

Et kann een awer och bei de Coiffer oder bei d’Coiffeuse goen, fir eppes gewuer ze ginn. Oder bei de Makadammen hir Straubejitzesch. Do gitt Der alles gewuer. An et ass näischt mat den Hoer erbäigezunn.”

Nach mi lackeleg gëtt den Owend duerch de Grupp www.veggietable.lu vum Mouvement Ecologique, dien gutt Fingerfood wäert machen.

Präiss vum Owend: 30.- Euro. D’Plaze si begrenzt! Duefir: déi eischt si fir: Tel. 439030-1, meco@oeko.lu