• Print Friendly


Wuesstemspolitik zu Lëtzebuerg: Eng Pressekonferenz vun héich aktueller Brisanz!

 

Dee viru kuerzem gegrënnte Ministère de la Croissance stellt op senger éischter Pressekonferenz zesumme mat der Firma Tycoon de neiste groussen Industrieprojet fir. Matgedeelt an duergestallt vum Aktiounsgrupp vum Mouvement Ecologique, kënnegen de Wuesstems-Minister a seng riets Hand, Fränz Bingen, un datt Tycoon 1,0025 Milliarden Euro an hiren neie Standuert am Bambësch investéiert.

De Minister gëtt dozou folgendermoossen zitéiert:

« Augmenter la qualité de vie de nos citoyens et assurer durablement nos acquis monétaires! Voilà le défi auquel le Ministre de la Croissance se voit confronté jour après jour. Nous l’acceptons avec énergie, enthousiasme et créativité. »

 

Ënnerstëtzt weider Projete vum Ministère de la Croissance a suergt fir d Verbreede vu senger Bekanntheet andeems Dir Iech de neie Sticker „Luxembourg – Let’s make money“ gratis iwwert de Site mincroiss.guv.lu oder via secretariat@meco.lu bestellt.

 

Fir all weider Froe stinn Iech den Här Bingen an de Minister och per E-mail gären ze Verfügung.

 

 

 

 

 

Bingen

 

 

 

 

 

 

Le Ministre de la Croissance