• Print Friendly


Wie fäert deen huet Angscht! E Solo-Programm vun a mam Roland Gelhausen

am Freitag, den 14. Dezember ab 19.30 in der Kulturfabrik in Esch.

Melden sie sich an unter meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1.

Was uns erwartet:

Et ass awer och sou munches fir ze fäerten hautesdaags. Awer och scho fréier. Eis ganz Erzéiung war jo schonn op Ängschten opgebaut. Mir kruten Angscht gemaach virum Kropemann, der Hex déi eis an de Bakuewen stieche géif a virum Wollef deen d’Rotkäppche gefriess hat. Spéider huet de Paschtouer eis Angscht gemaach, mir géife vum Wichse blann ginn a kéimen dowéinst an d’Hell. Haut fanne mer d’Hexen an d’Wëllef an der Politik erëm an do wëllen se eis souvill Angscht maache bis mer frou sinn datt se eis permanent iwwerwaachen a mat ‘‘Plackegscanner‘ duerch siwe Boxe bis op d’Schanke kucken. Mä déi gréissten Angscht hu mer nach ëmmer virun eis selwer. Bezéiungsängscht, Angscht datt mer net kréie wat mer wëllen an natierlech déi éiweg Angscht viru Krankheeten, dem Alter an dem Dout. Sollte mer eis net sou lues all deenen Ängschte stellen. Se an d’An kucken … an häerzhaft iwwert se laachen.

Fir weider Informatiounen oder Engagementer, Tel: 621 490036 oder Email: gelhaus@pt.lu