Landesplanung – Urbanismus
  • Print Friendly


Wéi eng Stad fir muer ?

Informatiouns- an Diskussiounsveranstaltung (nëmme) fir Membere vum Mouvement Ecologique iwwert Schlësselfroen zum neie Bebauungsplang (PAG) vun der Stad Lëtzebuerg

Bis den 20.Juli 2016 (inclus) kann all Awunner vun der Stad den Entworf vum neie PAG am Biergerzenter consultéieren a seng Suggestiounen / Awänn am Kader vum neie Bebauungsplang vun der Stad Lëtzebuerg eraginn. Detailer um Internetsite: https://pag.vdl.lu/
Do fënnt een och d’Datume vun der Quartier’s-Versammlungen, wou jiddwereen d’Méiglechkeet huet sech ze informéieren.

Fir iwwert grondsätzlech Schlësselfroen ze schwätzen, si mir frou, dat déi Verantwortlech vun der Stad Lëtzebuerg hiren Accord ginn hunn fir en

Informatiouns- an Diskussiounsowend e Mëttwoch, de 6.Juli 2016 em 18.15 
am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban am Pafendall.

 

Et intervenéiere Responsabeler vum PAG-Entworf:
• Laurent Langer, Architekt-Direkter (“Service d’urbanisme” vun der Stad)
• Chantal Zeyen, Urbanistin (Bureau Zeyen & Baumann)

 

Et geet hei net ëm d’Virstellung vun dem PAG als solchem oder ëm déi spezifesch Entwécklung vun engem oder deem anere Quartier, mee ëm méi grondsätzlech Froen iwwert d’Entwécklung vun der Stad, wéi z.B.:

  • -Wéi e Wuesstem vun Awunner an Aarbechtsplazen gëtt an der Gemeng ugestrieft, a wa jo, a wéi enge Quartier’en besonnesch? Wéi steet de Wuesstum am Aklang mat der Landesplanung?
  • Awéifern gëtt gekuckt, déi eenzel Quartier’en ze stäerken, wann néideg hire Kär opzewerten an och eng Mixitéit vun Funktioune sécherzestellen?
  • Wéi eng Mobilitéitsplanung louch dem PAG zu Gronn, virun allem och wat de Foussgänger an de Vëlo an d’Gestaltung vun de Stroosseraim betrëfft?
  • Wéi en Duerchgréngungskonzept gëtt et?
  • In wiewäit ass d’Klimaproblematik beréecksiichtegt ginn?
  • Wéi e Stellewäert soll den Denkmalschutz kréien ?
  • ….

Dësen Owend soll d’Basis sinn, fir en Avis vum Mouvement Ecologique zum PAG an awer och Iech zousätzlech d’Méiglechkeet ginn, fir Är wichteg Froen zu grondsätzleche Froen vun der Entwécklung vun der Stad ze stellen an ggf en Avis vun Iech selwer virzebereeden.

No der Virstellung gëtt et e Patt mat Häppercher.

Kommt laanscht a weist duerch Är Präsenz, wéi wichteg Dir et fannt, datt – iwwert eenzel Bauteprojeten eraus – déi richteg grondsätzlech Akzenter an der Entwécklung vun der Stad fir muer gesat ginn.