• Print Friendly


„Wandenergie zu Lëtzebuerg – firwat et Sënn mécht, och hei zu Lëtzebuerg an d‘Wandenergie ze investéieren“

De Mouvement Ecologique a seng Regional Miersch an Emgéigend lueden, am Kader vum 50. Gebuertsdag vum Mouvement Ecologique, häerzlech an op eng Konferenz: „Wandenergie zu Lëtzebuerg – firwat et Sënn mécht, och hei zu Lëtzebuerg an d‘Wandenergie ze investéieren“
Donneschdes, de 7. Mäerz 2019 um 19.30 Auer am Veräinsbau, 81, rue de Luxembourg (vis à vis vun der Kierch) zu Rolleng bei Miersch

An der Regioun ëm Miersch suergt déi geplangten Ariichtung vun engem Wandmillepark fir Diskussiounsstoff.

An engem ëffentleche Virtrag solle folgend Froen beliicht ginn:
• Ass d’Investitioun a Wandmillen aus ekologescher Siicht iwwerhaapt sënnvoll?
• Wéi eng potentiell Belaaschtunge kéinten fir d’Natur an d’Leit entstoen, wéi kéinte se reduzéiert ginn?
• Wéi steet et mat der Energieeffizienz?
Op dës an aner Froe wäert de Referent agoen.
Referent: Paul Kauten, Expert fir nohalteg Energiesystemer