• Print Friendly


Vu – Bis: Wann dat alt riicht ausgeet!

De Mouvement Ecologique an den Oekosoph lueden häerzlech an op eng kabarettistesch Liesung:

Vu – Bis

Wann dat alt riicht ausgeet!

Sonndes, den 30. Abrëll 2017 um 17.00
Freides, den 19. Mee 2017 um 20.00 am
Oekosoph, 6, rue Vauban, Luxembourg

vun a mam Rol Gelhausen

 

Et geet vun aktuelle politeschen Themen bis bei al, awer schonn nees aktuell Geschichten, vu sozial a kritesch bis kritesch awer sozial, vu Réckbléck op dat wat eis déi lescht Zäit beweegt huet bis bei Prognosen wat eis nach erwaart. Vu satieresche Versen iwwert zynesch Prosa Texter bis zu skurille Kuerzgeschichten. An dat alles vu Witzeg bis Eescht.

Dës Liesung sollt wa méiglech Emotioune ervir ruffen déi vu Schmunzelen iwwert Laachen bis zum Kräische goe kënnen.

Begleet gëtt dat Ganzt vun engem Museker. An dat geet Vu Christophe Reitz bis bei Paul Dahm.

E Programm fir jiddereen: Vu Jonk bis al.

Umelle kënn der iech Vun elo Bis den 26. Abrëll resp. den 16. Mee via Telefon 439030-1 oder via email: meco@oeko.lu.

 

Präiss: 20 Euro fir Memberen an 23 fir Net-Memberen, fir d’Liesung an leckere Fingerfood vu Veggietable.lu!