• Print Friendly


Vegetareschen Vollwertkachcours (mat Liewensmëttelen aus biologeschem Ubau)

Am Kachcours gi gutt an attraktiv Rezepter no “ovo-lacto- vegetareschen” Kriterien zesummen zoubereet an d’Prinzipie vun der Vollwertkichen ginn erkläert.  Esou geseit een, datt een och ouni Fleesch a Fësch gesond, gutt an ofwiesslungsräich kachen a genéisse kann.

Ofgehale gëtt de Kachcours vum Lydie Muller-Philippy, Autorin vun de Kachbicher "Natierlech genéissen" 1 an 2.

Wéini a wou:

Dënschdes den 6./13./20./27. November an de 4. an den 11. Dezember vun 18.30 bis 22.00 Auer am Lycée Technique de Bonnevoie (119, rue du Cimetière, L-1338 Luxembourg)

Programm:

Den 1. Owend get Theorie erkläert, duerno Preparatioun plus schmaache vun Brotpasten.

Déi aner Owender ginn 2-3 komplett Menüen also eng Entrée (Rohkost oder Zopp), een Haaptplat an een Dessert zoubereet. D’Leit déi um Kachcours deelhuele präparéieren a kache selwer, duerno gëtt zesumme geschmaacht.

Präis:

De Präis (6 Owender plus Dossier mat Rezepter) ass 130.- fir Membere vum Mouvement Ecologique an 150.- fir Net-Memberen.

Umeldung:

Per Tel. 439030-1 oder per e-mail: meco@oeko.lu bis spéitstens den 30. Oktober 2012 beim Mouvement Ecologique. Et gi maximal 24 Leit ugeholl.

Iwwerweisung vun der Participatioun op de Kont CCP LU98 1111 0021 2285 0000 (Meco, Philippy) mat der Mentioun "Kachcours Bonnevoie".