• Print Friendly


Table Ronde mat Vertrieder vun de politesche Parteien zum Thema: Wéi ëmgoe mat der Wuesstemsfro ?

de Mëttwoch, de 26. September um 20.00 am Auditorium vum Cercle Cité, 3 rue Génistre an der Stad

Den Thema « Wuesstem » ass sécherlech ee vun deenen, déi d’Waldebatte prägen. Villes ass gesot ginn, an trotzdeem feelt et nach deelweis u wierklech kloren Aussoe vun de politesche Parteien.

Dësen Owend soll e Bäitrag leeschten, fir nach méi konkret d’Stellung vun de verschiddene Parteien zu dëser fir eist Land zentraler Erausfuerderung gewuer ze ginn.

Un der Table Ronde huelen deel:

 

  • Bodry Alex, LSAP
  • Clement Sven, Piratepartei
  • Diderich Gary, Déi Lénk
  • Dieschbourg Carole, Déi Gréng
  • Hardy Dan, ADR
  • Zeimet Laurent, CSV
  • Gramegna Pierre, DP

 

Une traduction orale directe en français sera assurée par l’Agence Interculturelle de l’ASTI asbl.

 

Et soll genuch Zäit bleiwe fir Froen aus dem Sall a no der Table Ronde gëtt e Patt offréiert.