Mobilität
  • Print Friendly


Spannend Biergerbedeelegung fir de Vëlo zu Ettelbréck

D’Ettelbrécker Gemeng huet am Summer dëst Joer eng Biergerbedeelegung fir de Vëlo- a Foussverkéier gestart. D’Regionalsektioun Nordstad vum Mouvement Ecologique gouf agelueden, fir mat ze kucken, wéi esou eng Bedeelegung kéint ausgesinn.

Eng vun de méigleche Virgoensweisen ass et fir en Internettool zur Verfügung ze stellen, wou d’Bierger hier Bemierkunge selwer kënnen draschreiwen an och aner Leit dës Bäiträg kënne positiv oder negativ bewäerten. Eis Iwwerleeung war awer zousätzlech, datt d’Gemeng Ettelbréck onbedéngt parallel dozou misst op verschidde Bevëlkerungsgruppen zougoen, z.B. Senioren, Eltere vu Museksschoulsschüler asw.

An der Mobilitéitswoch am September huet d’Regionalsektioun, zesumme mat der Mme Chantal Hermes vun der Ettelbrécker Gemeng, Service des batisses et de l’urbanisme, ee Vëlostour organiséiert, wou eis Memberen derzou ageluede waren. Et goufen eng Partie Iddien zesummegestallt, fir d’Konditioune ronderem d’Vëlofueren zu Ettelbréck ze verbesseren.

De gréisste Problem fir de Vëlosfuerer an Uertschafte wéi Ettelbréck ass de motoriséierten Individualverkéier, am Fueren an am Stoen. Besonnesch d’Leit, déi zu Ettelbréck wunnen, bräichten net onbedéngt all een oder zwee Autoen. Déi meescht Quartiere sinn am Dall, et gëtt eng gutt Zuchubannung a vill Bussen an der Regioun. Wann een d’Leit dovunner iwwerzeegt krit fir méi op des Alternativen zréckzegräifen, da kinnten eng Partie Parkplazen ofgeschaaft ginn a méi bequem Vëlosverbindunge geschafe ginn.

Als konkret a kuerzfristeg Mesüre gouf festgehalen, datt d’Schläichweeër fir Autoe missten ënnerbonne ginn andeems datt déi Stroossen ëmgewandelt ginn a Vëlosstroosse, wou nëmmen nach däerf vum Anrainer-Autofuerer benotzt ginn. De Vëlo huet dann do Prioritéit, an zwou Richtungen. Domat kéint een attraktiv direkt Vëlosverbindungen, z.B. tëschent der Ettelbrécker Gare an der Klinik, maachen. Um Wee leien och 3 Lycéeën, déi dann domat och gutt ugebonne wieren. Datt esou eng Vëlospist da géif iwwert den Terrain vun engem Lycée féieren, misst awer nach staatlechersäits ofgekläert ginn.

Och op Stroosse mat Tempo 30 misst fir Verkéiersberouegung gesuergt ginn, z.B. andeems datt Plattoe gemaach ginn, wou den Niveau vun Trottoir a Strooss op de Kräizungen uneneen ugepasst gëtt. Dat forcéiert d’Autofuerer méi lues ze fueren an de Vëlo méi fair ze behandelen.

Donieft ginn och vill Méiglechkeete gebraucht fir de Vëlo sécher unzestrécken, och mBoxen an den ale Quartieren, wou d’Haiser keng Méiglechkeet fir e Vëlosënnerstand bidden.

Wat d’Ëmgestaltung vum Garer Quartier betrëfft, esou huet d’Regionalsektioun bei Ponts et Chaussées ugefrot, fir déi neiste Pläng gewisen ze kréien. A wat d’Gare selwer betrëfft, esou wäert och nach Kontakt mat der CFL opgeholl ginn, fir datt do alles gemaach gëtt, fir datt de Vëlo bequem ka mam Zuch matgeholl oder sécher ofgestallt ka ginn.

Ettelbréck velo hpAm Prinzip muss ee soen, datt d’Demarche vun der Ettelbrécker Gemeng positiv ass. Et ass ze hoffen, datt no den Analyse vun de Propose vun de Bierger, mat den technesche Servicer, de Kommissiounen an dem Gemengerot, et zu enger ëmfaassender a kohärenter Verbesserung vun de Konditioune fir de Vëlosfuerer a Foussgänger kënnt.

De ganzen Avis vun der Regionalsektioun Nordstad vum Mouvement Ecologique fannt dir am Download