Mobilität
  • Print Friendly


Reorganisatioun vum ëffentlechen Transport iwwer Land an am Zesummenhang mat dem Bau vum Tram an der Stad

De Mouvement Ecologique lued häerzlech an op e Memberforum zum Thema

Reorganisatioun vum ëffentlechen Transport iwwer Land an am Zesummenhang mat dem Bau vum Tram an der Stad

Donneschdes, de 6. Mäerz 2014 um 18.30 am Hotel Parc Bellevue (Convict) 5, av. M.Thérèse an der Stad

mat dem Här Alex Kies, Direktiounsbeoptragten an dem Service “Transports Publics” vum Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère

Firwat dëse Forum, fir deen all interesséiert Membere vum Mouvement Ecologique ageluede sinn ?

  • Zenter Joeren gëtt driwwer geschwat, datt d’Organisatioun vum Bus queesch duerch d’Land soll verbessert ginn: Reorganisatioun Busnetz, besser Ofstëmmung Bus-Zuch. Aféierung vu Rufbussen a villes méi, sinn Themen déi zur Diskussioun stoungen. Wat sinn déi grouss Orientéierunge vun dëser Reorganisatioun ënnert der neier Regierung ? Wéi eng Roll huet de Ministère, wéi eng de Verkéiersverbond resp. Gemengen oder Gemengesyndikater? Wat ass den Zäitplang vun der Ëmsetzung ? Wéi sollen d’BiergerInnen agebonne ginn?
  • Parallel gëtt an der Stad Lëtzebuerg positiverweis um Projet “Tram” geschafft. Wat heescht de Projet Tram awer fir d’Organisatioun vun de Busse ronderëm an an der Stad? Während dem Bau… a wann den Tram fiert ? Wat heescht et fir all déi Leit, wou mat dem RGTR an d’Stad kommen?

Des an aner Froe sollen am Memberforum geschwat ginn. Ziel vum Owend ass, datt mäer eis e Bild kenne maachen, wat am Ablack leeft… a wie weess, vläit entsteet jo och eng Positioun doraus.

Invité vum Owend ass den Här Alex Kies, deen mat enger Powerpointpräsentatioun wäert déi ablacklech Projete vum Ministère virstellen an de Membere vum Mouvement Ecologique wäert duerno Ried an Äntwert stoen.

Fir Gedrénks ass gesuergt.