Mobilität
  • Print Friendly


Protestpiquet zu Ettelbréck op der Gare

E Samschdeg de Moien, den 1. Oktober, hate sech e puer aktiv Memberen vum Mouvement Ecologique Regional Nordstad zu Ettelbréck op der Gare versammelt, fir op déi onhaltbar Zoustänn opmierksam ze maachen, déi do herrschen.

De Client vum ëffentlechen Transport gëtt regelrecht am Reen stoe gelooss. Op engem neie Busquai gëtt et weder Hiweisschëlter nach korrekt Horairen, vun engem Iwwerdaach an enger Bänk emol guer net ze schwätzen. Kee fillt sech zoustänneg. An dobäi sollen an den nächste 5 Joer 150 Milliounen Euro an eng nei Gare gestach ginn, an et ass mol kee Budget do, fir e puer Schëlter an een Ënnerdaach. Wat gëtt dat wann de Chantier emol bis amgaang ass?

Am Ablack ass och dacks de Bus scho fort, wann den Zuch mat enger Verspéidung aleeft, well keen dem Buschauffer Bescheed gëtt, wéini datt e fuere soll. Et sinn einfach onwürdeg Zoustänn zu Ettelbréck op der Gare.

Während der klenger Manifestatioun ass een engleschen Tourist opgefall, dee grad sei Bus op Veianen verpasst hat, well hien um falsche Busarrêt stoung. Hee war „not amused“. Lëtzebuerg wier wuel ee schéint Land a gemäss Informatioune vun der CFL hätt heen och just 1,5 Stonne gebraucht vun der Stad bis op Veianen, mee a Wierklechkeet wier hien elo bal duebel esou laang ënnManif-Ettelbruck-3_weberwee, well korrekt Hiweisschëlder gefeelt hätten, net just zu Ettelbréck, och zu Dummeldeng, wou um Weekend en Ersatzbus tëschent der Stad an Dummeldeng gefuer ass.

Och op déi schlecht Infrastrukture fir de Vëlo gouf higewisen. Ettelbréck, wat ganz flott am Sauerdall un enger Vëlospiste lait, ass geféierlech fir d’Vëlosfuerer. Hei gëtt d’Prioritéit op den Auto an op Parkplaze geluecht. D’Vëlosproblematik wäerten d’Mouvements Memberen an den nächste Wochen nach verdéiwen an der Gemeng e puer Propose maachen.