• Print Friendly


Politesch satiresche Réckbléck op d’Joer 2015

De Mouvement Ecologique lued seng Memberen häerzlech an op d’Ofschlossfest vum Joer

Freides, den 18. Dezember 2015 um 19.30 am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, L-2663 Luxembourg

Nodeems de Roll Gelhausen an de Jay Schiltz am Laf vum Joer hiren eegenen, ironeschen a sarkastesche Bléck op déi eenzel Méint, a Form vun enger kabarettistescher Liesung presentéiert hunn, kucken si elo zesummen zréck op d’Joer 2015.

Kommt lauschteren op si déi Saache mëttlerweil verdaut hunn, déi Iech tëscht Januar an Dezember um Mo louchen.

Oder wësst der schonn net méi wat am Laf vum Joer alles esou lass war?

De Roll an de Jay hëllefen Iech op d’Spréng. Well si hunn d’Schlagzeile genee verfollegt. Dag fir Dag a Mount fir Mount hu si d’Zeitungen duerchgebliedert an och tëscht den Zeile gelies. Si hu Radio gelauschtert, och wann et heiansdo war fir e Schwier an d’Ouer ze kréien, a si hunn d’Tëlee gekuckt, a ware frou, wann hinnen endlech d’An zougefall sinn, bei all deem Misär deen se do hu missen nokucken.

Mä egal, si hunn sech fir Iech dat ganzt Joer laang kristillegt an si bréngen et fäerdeg, datt engem d’Laachen awer net vergeet, wann si elo de Point maachen, vun deem wat si dëst Joer erlieft hunn an déi journalistesch Pointe vun 2015 mat musikalescher Begleedung Revue passéiere loossen.

 

Präiss vum Owend: 30.- Euro. D’Plaze si begrenzt! Duefir: déi eischt si fir: Umelle kann een sech iwwert: Tel: 439030-1, meco@oeko.lu oder duerch Iwwerweisen op de CCPL LU16 1111 0392 1729 0000 oder BCEE LU20 0019 1300 1122 4000 bis spéitestens, den 15. Dezember!