Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


Pestizidasaz op Terrainen vum Fonds du Kirchberg !

Als Mouvement Ecologique si mir vun enger Rei Leit drop ugeschwat ginn, datt um Kierchbierg op Terrainen / Ackerfläche vun dem Fonds d’urbanisation relativ massiv géife Pestiziden agesaat ginn. An engem Bréif un den Nohaltegkeetsminister, de Landwirtschaftsminister, de „Fonds d’urbanisation du Kirchberg“ an un d’Stad Lëtzebuerg hu mir folgendes nogefrot:

  • Erlaabt de Fonds du Kirchberg a senge Pachtverträg d’Ausbrénge vu Pestiziden ?
  • Wa jo, gëtt un e Verbuet geduecht ? Wat as de Rôle vum Nohaltegkeetsministère, als Ministère de Tutelle vum Fonds du Kirchberg ?

De ganze Bréif kënnt dir an den Downloads liesen.

Do fand dir och e Bréif vum Syndicat d’initiative Eich-Dommeldange-Weimerskirch un den Fonds d’urbanisation

 

 

Kierchbierg Pestiziden I

Kierchbierg Pesitziden II

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Stad Lëtzebuerg: Modellhaft Virgoën a Saache Pachtverträg a Pestiziden

Opgrond vun eisem Schreiwen huet d’Viviane Loschetter vun der Stad Lëtzebuerg reagéiert an eis doriwwer informéiert, datt an hieren Pachtverträg de Verbuet vum Ausbréngen vu Pestiziden festgeschriwwen ass. Eng luewenswäert Initiative, déi onbedéngt no ze maachen ass.

 

 

Pacht Letzebuerg