Energie – Klimaschutz
  • Print Friendly


People’s Climate Case op Besuch zu Lëtzebuerg – Och hei muss gehandelt ginn!

Déi europäesch Klimaschutzpolitik muss onbedéngt méi ambitiéis gi fir d’BiergerInne virum Klimawandel ze schützen. Esou de Constat vun 10 betraffene Familljen an enger Jugendorganisatioun déi gemeinsam d’EU Parlament an den EU-Rot verklot hunn. Zwou vun hinnen (aus Portugal a Schweden) sinn op Invitatioun vun ASTM, Greenpeace, Mouvement Ecologique an natur&ëmwelt zesumme mat hirer Affekotin, Vertrieder vu CAN Europe, Wemove.eu a Germanwatch op Lëtzebuerg gereest fir hei hire Fall ze presentéieren. De Klimawandel hëlt hinnen hier Liewensgrondlagen ewech. Vill vun de Famillje sinn nämlech an der Landwirtschaft täteg a spieren ëmmer méi d’Konsequenze vun enger ze lascher Klimaschutzpolitik.

Hei kënnt Dir d’Famillje vun der Klo mat enger online-Petitioun ënnerstëtzen.

 

 

Mee och zu Lëtzebuerg si mir an der Lescht ëmmer méi oft Zeie vun extreme Wierderevenementer ginn (Iwwerschwemmungen, Hëtztwellen, Dréchent…). Déi nächst Regierung muss dat agesinn an deementspriechend handelen. E Klimaschutzgesetz mat sektorielle Reduktiounsziler ass fir eng konsequent Klimaschutzpolitik en absolute Muss!

Laut neisten Erkenntnisser aus dem IPCC Rapport ass et iwwerdeems extrem wichteg schnell ze handelen. Experte schwätze vun enger Zäitfënster vu 5-10 Joer fir déi schlëmmsten Auswierkungen op eis Natur an Ëmwelt ze vermeiden. 5 Joer, dat ass d’Zäit vun enger Legislaturperiod! De gemeinsame Pressecommuniqué fannt Dir an den Downloads.