• Print Friendly


Op de Spure vum Löschburmann

D’Regional Mëllerdall invitéiert op eng geféiert Neijoerswanderung duerch de Mëllerdall  mat dem Elisabeth Medinger, Wanderguide aus dem Mëllerdall

„Op de Spure vum Löschburmann“

Sonndes, den 28. Januar 2018 um 13.00, Rendezvous bei der Bredeler Bréck

Den Depart ass bei der Bredeler Bréck wou e Parking ass (Kräizung Chrëschtnech – Consdorf/ Blummendall – Mëllerdall. Et geet laanscht Ripsmoor, duerch de Marscher Wald a bei déi spektakulär Tuffquellen déi villäicht mat Äiszapen eis d’Schéinheet vum Wanter no bréngen.

D’Wanderung dauert ca 2.5 bis 3 Stonnen (net fir Poussette gëeegent, fest Schong sinn zu dëser Joreszäit e “Must“).

Wee wëll mam Bus kommen, Buslinn Altrier-Müllerthal file:///C:/Users/Hauptnutzer/Downloads/470.pdf (www.mobilitéit.lu fir all zousätzlech Renseignementer).

Vun der Uertschaft Mëllerdall dann 2,5 km zu Fouss bis un den Depart iwwert den Müllerthaltrail, e markéierte Wee.

https://www.outdooractive.com/de/wanderung/mellerdall-bredeler-breck/113202701/?share=%7Ezfsrup7v%244osshtja