• Print Friendly


Offiziell Feier 50 Joer Mouvement Ecologique: e besonnesch flotten Owend!

Et ass net esou üblech, datt de Mouvement Ecologique sech op dëser Plaz selwer lueft, ma d’50 Joer Feier ass awer en Ulass derfir.

Beim Gebuertsdagskuch an dem Patt – an och a ville Mail-Messagen duerno (e grousse Merci derfir) – gouf eis 50 Joer-Feier an héchsten Téin gelueft: Et wär e ganz gelongene Mix vu nodenkleche Momenter, Réckbléck an Ausbléck, tëscht Emotiounen, musikaleschen Héichpunkten, ironesch / kabarettistesche Momenter, mee och Ausdrock vu grousser Verbonnenheet gewiescht.

 

An engem strubbelvolle Sall mat 500 Leit ware niewent de Vertrieder vun der Regierung, vu Parteien, Verwaltungen, Gemengen, Gewerkschaften a befrënnten Organisatiounen, vill Memberen – och eng ganz Rei vun der éischter Stonn – a Sympathisanten do.

Empfaange gouf de Grand-Duc fir d’éischt vun der Presidentin Blanche Weber, dem (“Interim-“) Chamberpresident Gaston Gibéryen an der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an duerno vum gesamte Verwaltungsrot vum Mouvement Ecologique.

No enger liicht adaptéierter Versioun vum „Wilhelmus“ vum Georges Urwald bei der Entrée vum Grand-Duc, wousst de Serge Tonnar, begleet vum Georges Urwald, mat enger eegener Interpretatioun vun „Di néi Heemecht“ ze beandrocken.

 

Et war de Roll Gelhausen, deen op seng, him eege, laber a sprëtzeg Aart a Weis duerch den Owend gefouert huet. Dank senge léiwe Picken, och par Rapport zum Mouvement, huet hie fir ganz erfrëschend Iwwergäng gesuergt.

 

Eng medial Opbereedung – mat Fotoen, Karikaturen, Dokumenter a Presse-Extraiten … – huet dunn de laange Wee vu 50 Joer Mouvement Ecologique opgewisen. Woubäi awer net nëmmen de Mouvement am Fokus stoung. Villméi gouf och probéiert ze skizzéieren, wéi eng Entwécklung et a wichtege Beräicher vun der nohalteger Entwécklung am Laf vun der Zäit gouf a wat d’Erausfuerderungen an der Zukunft sinn. Obwuel de Réckbléck alles anescht wéi komplett war, a just e Choix vun Aktivitéiten a Stellungname konnt duerstellen, war des Duerstellung immens beandrockend. Souguer Leit déi laang am Mouvement aktiv sinn, ware “paff” iwwert d’Vilfalt vun eisem Engagement. Woubäi des Opbereedung gewisen huet: et gouf e laange Wee gemaach! Villes, ganz villes erreecht, ma natierlech gouf et och Echecken.

 

Et waren dunn de Roland Gelhausen an den Alain Adams, déi direkt uschléissend e bëssen en anere Reckbléck op „50 Joer Mouvement“ haten.
Mat hirem Kabarett hunn si duergeluecht, datt net alles perfekt war, an een duerchaus och iwwert e puer „Naupen“ vum Mouvement laache kann…
Duerch Zitater aus dem Beräich Mobilitéit, déi de ganze Sall zum laache bruecht hunn, gouf awer och op ganz ironesch Aart a Weis duergeluecht, wéi sech d’Mentalitéiten am Laf vun der Zäit geännert hunn.

 

Duerno wousst de Serge Tonnar an d’Alana Birsens, mat dem Georges Urwald um Piano an dem Primanerchouer Iechternacher Lycée mat dem Lidd « Eng aner Welt » ze begeeschteren.

 

Et war dunn um Blanche Weber, Presidentin, fir an enger kuerzer Ried op den Engagement vum Mouvement a senge Memberen anzegoen, an awer och Defien vun der Zukunft opzegräifen: „Engagement ass haut méi néideg wéi jee, Engagement lount sech!“

 

No dëser Ried, déi ganz staark vun de Leit am Sall appreciéiert gouf, si kuerz filmesch Message vun auslännesche Fachleit a Matstreider ageblent ginn, déi Zukunftsdéfien aus hirer Perspektiv beschriwwen hunn: vun dem Michael Kopatz bis bei d’Presidentin vu Friends of the Earth International. Dës Messagen hunn den Engagement vum Mouvement an en europäeschen a weltwäite Kontext gesat.

 

D’Interventioun vun enger ganz Rei Jonker vu move. huet sech ugeschloss a gouf vum ganze Sall ganz staark applaudéiert. Mat Panneauen an eenzelen Aussoen hunn si hier Motivatioun fir sech ze engagéieren – hier Zukunftswënsch – op eng besonnesch iwwerzeegend  Aart a Weis duergeluecht. An dat Lidd dat si duerno zesumme gesongen hunn, begleet vun enger Ukulele, huet vill Leit am Sall zum matsange bruecht…

 

Den Ofschloss war ouni Zweiwel e groussen Héichpunkt : Vun hannen aus dem Sall sinn eng 46 Membere vun dem Interkulturelle Chouer (Chouer vun der Heemescht mat Flüchtlingen & Frënn / Primaner- & Proffechouer Iechternacher Lycée) duerch de Sall op d’Bühn gaangen an hunn „Do you hear the people sing“ ugestëmmt. Ganz vill Leit am Sall hu bei den éischten Téin vun der Melodie, vum Georges Urwald um Piano gespillt, schonn ugefaange matzesangen. Besonnesch beandrockend gouf et dunn nach duerch dem Serge Tonnar seng lëtzebuergesch Iwwersetzung, ënner anerem vun dem Refrain, awer och, datt eng iranesch Versioun vum Tohid Tohidi (Sprooch: Farsi / Persesch) an eng westafrikanesch Sprooch “Haoussa” vum Ali Master aus dem Niger gesonge gouf. E kréinenden Ofschloss vun dem offiziellen Deel, deen esou muenchereen am Sall nach besonnesch emotional betraff gemaach huet.

 

Ier et lass goung op de Patt, gouf de Gebuertsdagskuch vum Grand-Duc an dem Blanche Weber opgeschnidden.

Vill Leit si beim Patt duerno bliwwen, eng ganz Rei bis wäit no Hallefnuecht. De Mix aus ville verschiddene Leit vu ganz ënnerschiddlechen Horizonte huet fir lieweg Diskussiounen, net nëmmen iwwert d’politesch Entwécklungen, mee och – a besonnesch – iwwert perséinlech Verbonnenheet tëschent eneen, gesuergt.

 

 

De Film vum Owend, de Montage audio-visuel, d’Message vun den auslännesche
Frënn an d’Reaktioune vun der Presse kënnt Dir hei nokucken.

 

50 Joer Mouvement Ecologique: offizielle Feier (5. Dezember 2018)

 

Filmische / mediale Aufbereitung

 

Im Spiegel der Presse

 

 

Et war e flotten Owend, dee Courage a Motivatioun ginn huet fir den Engagement. Merci duerfir allen, déi do waren!

 

E grousse Merci fir d’50 Joer-Feier un:

  • den interkulturelle Chouer, de Serge Tonnar a Georges Urwald
  • d’Kabarettiste Roland Gelhausen an Alain Adams
  • d’Kreativagence BAMHAUS fir di audiovisuel Montagen
  • d’Event-Agence LEMON fir d’Bühn, ¨d‘Sono an d’Beliichtung
  • de Service des Parcs vun der Stad Lëtzebuerg fir d’Dekoratioun
  • d’Personal vum Tramsschapp
  • d’NATURATA fir hire besonnesch generéise Geste beim Catering
  • eis Fournisseuren: d’Bäckerei Scott an d’Wënzerbetriber Krier-Welbes a Sunnen-Hoffmann

Merci och un 

fir d’Ënnerstëtzung vu wesentlechen Deeler vun eisem Programm vu 50 Joer

 

 

50 Joer Mouvement Ecologique: Engagement lount sech – Gitt elo Member!

Leit brauche Visiounen – Visioune brauche Leit

 

Hei kënnt Dir Iech umelden (klicken)

 

Aus Ulass vum 50 Gebuertsdag kritt all neie Member als Merci e Pin. Et ass eng Neioplag vum Pin deen d’”Jeune et Environnement” deemools schon erausginn huet.