Energie – Klimaschutz
  • Print Friendly


Offiziell Bréiwer vun EU-Ministren zu Zieler a punkto Erneierbar Energien a Klimaschutz

Des Bréiwer goufen an de läschte Wochen vun enger ganzer Reih vun europäeschen Energie- respektiv Klimaschutzministeren un d’Mme Connie Hedegard, mat Kopie un aaner Membren vun der EU-Kommissioun, geriit.

An dese Bréiwer ginn, am Kader vun de post-2020 Zieler vun der EU,

  • en Minimumziel vu -40% bei den Emissiounen, ze réaliséieren innerhalb vun der EU;
  • an e verbindlecht EU-Ziel fir d’Erneierbar Energien gefuerdert.

De Mouvement Ecologique géif et ganz stark begréissen, wann och d’lëtzebuerger Regierung dess Fuerderungen géif offiziell ennerstetzen – och en vue vun der EU-Présidence 2015 an de post-Kyoto Diskussiounen am gläichen Zeitraum.

Woubäi et fir eis kloer ass, dat och nach en 3. ambitiéist a verbindlecht Ziel, neemlech eent fir d’Energieeffizienz muss derbäi kommen, wann Europa well sengen eegenen Usprech als Virreider am Klimaschutz gerecht ginn.

Mer géifen eis fréën, méih iwwert d’Positioun vun der lëtzebuerger Regierung zu desen kruzialen Themen grad wéi iwwert déi hier Démarchen an desem Bereich gewuer ze ginn.

 

D’Bréiwer fand Dir als Pdf rechts an den Dowmloads