• Print Friendly


Oekosoph: Nei Zesummenaarbecht mam Traiteur Niessen – éischte Schmaachowend de Mëttwoch 23. November!

Den Oekosoph geet eng nei Kooperatioun mam Traiteur Niessen an. Den Traiteur Niessen wäert eis regelméisseg lecker Plat’en liwweren, an esou d’Offer am Oekosoph nach méi attraktiv maachen. Firwat dës Zesummenaarbecht mam Traiteur Niessen? D’Fleesch wat ugebuede gëtt ass aus Biohaltung, all Déiere si vu Lëtzebuerg. E weidert wichtegt Ziel vum Traiteur Niessen als leschte privat gefouerte Schluechtbetrib zu Lëtzebuerg vun Ëlwen: kuerz Transportweeër a kee Stress fir d’Déieren.

Fir dës Kooperatioun ze lancéieren, luede mir an op e besonnesche Schmaachowend, wou och de Kach vum Traiteur Niessen an e Responsabelen do sinn, fir eis hier Philosophie ze erklären.

Kommt laanscht um “WALKING DINNER – TASTING”, natierlech alles a Bioqualitéit. 

E Mëttwoch, den 23. November ab 19:30!

rollup_Boucherie2Ze schmaache gëtt et:
Zoppen: Velouté de potiron (vegan) – Ierbsebulli – Bouneschlupp
Warmes : Roulade de boeuf braisée à la bière Simon
Wäinzoossiss, sauce crémeuse à la moutarde et miel
Judd mat Gardebounen
Mini choucroute mat mini Mettwurscht
Lentilles à la nage (vegetaresch)
Avis aux amateurs. Präis: 18 Euro.
Eng Umeldung bis den 20. November via meco@oeko.lu

oder Tel. 439030-1 ass néideg.