• Print Friendly


Oekosoph – de liewegen Treffpunkt. D’Equipe brauch Verstäerkung!

De Mouvement Ecologique kritt ganz vill positive Feedback fir den Oekosoph. Flotte Kader, flott Atmosphär, gutt Gedrénks an originellt Iessen, attraktive Programm vu Veranstaltungen an eng léif Bistros-Equipe.

Ma elo steet d’Fréijoer an de Summer an d’Haus, an den Oekosoph gëtt nach e Krack méi attraktiv: dat mat senger flotter Terrass!

Den Oekosoph huet eng sympathesch Equipe vun ongeféier 15 Leit, déi de Bistro éierenamtlech schmäissen. Ma dat geet fir d’Fréijoer elo net méi duer.

Mir brauchen e puer nei Leit déi hëllefen.

Optimal ass et, wann Dir 2mol de Mount kënnt e puer Stonne Mëttwochs oder Donneschdes hëllefen.

Heiansdo ass et méi roueg, heiansdo mol méi stresseg, et gëtt Deeg do leeft alles riicht an et gëtt Deeg do ass méi Improvisatioun gefrot.

Mä zesummen an enger flotter Equipe, an där dir och ëmmer e flotten Austausch hutt, klappt et ëmmer an och am Bistro léiert dir intressant Leit kennen. Matmaachen ass eng flott Erfahrung!

Hutt Dir Interessi? Da mëllt Iech: meco@oeko.lu oder schwätzt eis direkt am Bistro un.

Avis aux amateurs!