• Print Friendly


“Ökoroutine: Erlöst die Konsumenten”

esou den Titel vun der Konferenz déi de Mouvement Ecologique e Mëttwoch de 24. Oktober am Centre Convict organiséiert huet. De Referent Dr. Michael Kopatz ass virun engem volle Sall an engem ganz interessante Virtrag op d’Roll vum Eenzelen an deem vun der Politik agaangen, am Bestriewe fir méi eng nohalteg Gesellschaft ze kréien an och Changementer am Verhalen.

Laut dem Michael Kopatz ass et un der Politik fir d’Rahmebedingungen esou ze änneren, datt e méi ekologescht Verhale “zur Normalitéit” gëtt. Dëst gëllt net nëmme fir den eenzele Bierger, mee och fir Firmen, Betriber…

Unhand vu villen interessante Beispiller illustréiert de Michael Kopatz seng These an ënnersträicht dobäi och d’Wichtegkeet vu Biergermobiliséierungen, fir dës Changementer mat Nodrock anzekloen.  Politiséiert BiergerInnen déi och bereet wieren sech ze engagéieren wieren dowéinst wichteg.

Falls Dir de Virtrag sollt verpasst hunn kënnt Dir Iech  gären d’Videoopnam vun dësem ukucken. An den Downloads an ënner de Links fannt Dir ausserdeem Pressereportagë grad wéi weider Informatioune vum Här Dr. Kopatz.