• Print Friendly


Och wärend Corona beweegt sech eppes bei move.

Link(s)

2020 war bis elo een turbulent Joer, virun allem de Covid-19 huet déi gewinnten Ooflef gutt duerchgerëselt. Och bei move. sinn duerch dës Kris eng Rëtsch Pläng an d‘Waasser gefall. Esou stoung z.B. fir Abrëll eigentlech dat järlecht move.-Fest um Programm, dat dëst Joer ënnert dem Titel: „move.your.habit“ stoe sollt, a fir dat schonn eng ganz Rëtsch flott Aktivitéiten zum Thema „Reduce, Re-use, Recyle“ geplangt waren. De Fokus sollt virun allem op der Kleedung leien.

Online-Versammlungen

Mee net just d’move.-Fest war vun der Kris betraff, och déi wëchentlech Versammlunge konnte vun enger Woch op déi aner net méi statt fannen. Léisunge fir dës Situatioun hu missen erbäi, wat och erstaunlech onkomplizéiert an erfollegräich gelongen ass. Esou sinn d’ Versammlunge kuerzerhand online op d‘Plateforme „Discord“ verluecht ginn, a via Trellogëtt zesumme weider un enger ganzer Rëtsch Projete geschafft ginn. Do war et natierlech ee Gléck, dass de System kuerz virun der Kris en Place gesat gouf.

Och wann et déi éischt Versammlung komesch war sech net perséinlech ze gesinn, esou huet sech dat Gefill awer schnell geluecht, an et huet sech schnell gewisen, dass d‘Versammlungen ee wichtege Fix
punkt fir all eis Jonker sinn, eng gutt Méiglechkeet sech an Zäite vu Social-Distancing ënnerteneen auszetauschen a weider zesummen ze laachen, ze schnëssen an un alen an neie Projeten ze schaffen.

Move.approved – Zweet Editioun

Ee Projet deen aktuell weider leeft ass zum Beispill „move.approved“, an dem mir un der zweeter Editioun vun eiser Kaart mat nohaltegen a sozialen Organisatiounen, Geschäfter, Restauranten an Events schaffen. Dës zweet Editioun ass dann och schonn net méi wäit ewech vun der éischter Versioun, dëst och dank dem wierklech engagéierten Designer Anton Stepine, deen an der leschter Versammlung virun der Coronakris bei eis am Oekozenter war a mat deene Jonke genee ausgeschafft huet, wei d‘Säit konkret soll ausgesinn a wéi de Contenu am beschte kéint strukturéiert ginn. An dëser Versammlung hate mir zousätzlech den Uelzechtkanal op Besuch, deen en kuerze Reportage iwwert move. gedréint huet, dee mir elo hoffentlech deemnächst ze gesi kréien, vue dass d‘Schoul jo lo erëm ugeet an domat och d‘Schüler am „Lycée des Garçons“ zu Esch weider um Programm vum Uelzechtkanal kënne schaffen.

Nei Projeten – Entstanen am Confinement

Mee och nei Projeten si wärend dem Confinement entstanen, et kann ee villäicht esouguer soen duerch de Confinement entstanen. Esou hunn mir eis gefrot wéi mir och an der aktuell schwiereger Situatioun weider op de Wee kenne goe fir den Dialog allgemeng an der Gesellschaft mee och méi spezifesch tëschent de verschiddene Generatiounen ze fërderen. Hei ass de Projet „Um Comptoir“ entstanen, eng Serie vun Online-Dialoger iwwert Themen déi di Jonk vu move. interesséieren, a wou si d‘Méiglechkeet hunn an enger éischter Phase mat Membere vum Mouvement Ecologique an enger entspaanter Atmosphär sech auszetauschen.

 

Déi éischt zwou vun dräi geplangten Episode sinn och schonn ausgestraalt ginn, an déi drëtt wäert net laang op sech waarde loossen. An der éischter Episod huet d‘Mariana Dos Santos mam Blanche Weber méi allgemeng iwwert den Engagement fir Nohaltegkeetstheme geschwat an iwwert d‘Aarbecht vum Mouvement Ecologique. An der zweeter Episod war et dann um Laura Dominicy, dat mam Cédric Metz iwwert d‘Bildung hei zu Lëtzebuerg geschwat huet. Fir déi drëtt Episod däerf een sech dann iwwert ee spannenden Dialog zum Thema Biodiversitéit freeën.
Déi éischt zwou Episode kënnt dir hei nokucken: move.meco.lu/2020/05/20/umcomptoir/ No dësen dräi Pilotepisoden, gëtt de Projet „Um Comptoir“ dann intern bei move. reevaluéiert an et gëtt gekuckt wéi een dee Projet an Zukunft kéint weiderféieren. Elei si schonn eng ganz Rëtsch gutt Iddie geäussert ginn, esou dass ee weider däerf gespaant bléiwen.