• Print Friendly


Move. Summerprogramm – Konsumkritësch Stadféierung, Summercamp a villes méi

Mir maachen eis zesummen op eng konsumkritësch Stadféierung  a léieren d’Alternativen zu Mc Donald’s a Louis Vitton kennen. Zu Biekerech, op engem Tour duerch d’Gemeng an enger Diskussioun mam jonke Buergermeeschter, gi mer gewuer firwat Biekerech am Beräich Energie besonnesch nohalteg ass. Am Juli verbrénge mer e Weekend an der Jugendherberge zu Remerschen, wou et heescht Atomreakter oder Natur an Erhuelung. Mir schléissen dann de Summer mam move. Summercamp of, wou mer e ganze Weekend zesumme kucke wéi een eppes ka beweegen. Hei plange mer eng Campagne zu Konsum, diskutéieren iwwer aktuell Themen, kachen zesummen an ënnerhuele flott Aktivitéiten dobaussen.

Mell dech an deng Kollegen elo un, a léier interessant nei Leit kennen.

All d’Informatiounen zum Programm an d’Umeldunge fënns de op www.move.meco.lu