• Print Friendly


move.: E Weekend am move.Gemeinschaftsgaart: de 6. a 7.05.

Workshops – Uplanzen – Kraiderwanderung – Upcycling – Lagerfeier – Zelten :

Op dësem Weekend (de 6. a 7. Mee) plange mer zesummen de move.Gaart, decidéiere wat mer uplanzen a léiere wéi mer dat alles maache musse fir datt mer am Summer eist eegent Geméis hunn.

D’Umeldung fir dëse Weekend ass Gratis a riicht sech un all Jonken dee Loscht huet mat am move.Gaart ze plangen, ze kniwwelen a ganz niewebäi och nach interessant nei Leit kennen ze léieren.

Wat muss ech matbréngen? Schlofsak & Schlofmatt, sou wéi eventuell en Zelt wann’s de eent hues a gutt Wierder ass.

Wéi kommen ech dohinner? – Mam Bus 262 vun der Charly’s Gare an der Stad – De Bus Arrêt heescht “Bei Mëllesch” zu Meispelt.
www.mobilitéit.lu – Déi genau Adress schécke mer dir bei der Umeldung mat. Méi Info’en & Fotoe vum Haff wou de move.Gaart ass fannt der op der Facebook Säit vum “Haff a Sewen”

 

Wéi mellen ech mech un? – Einfach hei aschreiwen!

Du hues nach Froen? Zéck net a mell dech beim Cédric iwwer move@meco.lu oder ruff him un um Tel: 43 90 30 – 33

De ganze Programm vum move.Gaart fir de Summer 2017 fënns de hei