• Print Friendly


Mouvement Ecologique sucht neue(n) Mitarbeiter(in)

Déi Jonk sollen hiren Alldag an hir Zukunft aktiv matgestalte kënnen. move., d’Jugendorganisatioun vum Mouvement Ecologique, bitt d’Méiglechkeet vun engem gemeinsamen Engagement.

De Mouvement Ecologique – move. sichen

EN/ENG RESPONSABEL FIR AKTIVITÉITEN A PROJETE
MAT JONKEN A FIR JONKER (M/W 32-40 STONNEN) – CDI

Dir

  • sidd dynamesch, hutt Loscht mat jonke Leit ze schaffen, kënnt Gruppen,
    och opgrond vun Ärer Erfarung, gutt animéieren a motivéieren
  • sidd eegestänneg, hutt Asazbereetschaft a Verantwortungsbewosstsin
  • hutt Grondkenntnisser zur nohalteger Entwécklung a wëllt Iech an dem
    Themeberäich abréngen oder hutt e staarken Interessi fir Iech mat Jonke
    fir nei a méi nohalteg Weeër an der Gesellschaft ze engagéieren
  • hutt gutt organisatoresch a redaktionnell Fäegkeeten
  • schwätzt a schreift Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.

 

Engagement, Talent fir mat Jonken zesummen aktiv a kreativ ze ginn, esou wéi Interessi fir Gesellschaft an Ëmwelt sinn entscheedend fir dës Plaz. Si steet duerfir esouwuel fir en dynamesche jonke Mënsch wéi och fir ausgebilten Erzéier a Leit mat enger sozialwëssenschaftlecher Ausbildung ob. Mir bidden e motivéiert an engagéiert Ëmfeld mat vill Raum fir Eegeninitiativ.

Gitt w.e.g. Är Kandidatur mat enger Motivatioun era bis 1. September 2019 un:

meco@oeko.lu; Mouvement Ecologique, 6, rue Vauban, L-2663 Lëtzebuerg