• Print Friendly


Mir si geplënnert

Den Oekozenter ass bekannterweis net nemmen en ekologesche Bau mat gudden Aarbechtsconditiounen, ma bidd och elo d’Méiglechkeet sech ze begéinen, auszetauschen, méi Seminaren a Konferenzen, Diskussiounsronnen, Fester… a villes méi ze maachen. D’Aarbechten am Ausseberäich – déi nach net fäerdeg sinn – ginn och gutt virun, esou datt gläich alles wäert fäerdeg sinn. Iwwregens: besonnesch frou si mäer iwwert d’Décisioun vum neie Nohaltegkeetsminister mat der Gemeng, datt eis Strooss Tempo 30 Zon wäert ginn! Mäer freeën eis dann och, fir mat Iech d’Aweiung vum Zenter ze feieren, an zwar de Samschden, 5. Juli vu Mëttes bis.owes spéit. Den Dag wäerten natierlech och Visiten sinn, ma och Animatioun mat Musek, Cabaret…. Mierkt Iech den Datum scho vir.