• Print Friendly


Mathellef beim Dokumentatiounszenter am neien Oekozenter gesicht

Ufank nächst Joers plënnere mäer an de neien Oekozenter! Do wäert eng interessant Bibliothéik si mat ganz ville Bicher an anere Medien ronderëm nohalteg Entwécklung, Biergerbedeelegung, ekologescht Bauen a Wunnen, Natur- an Ëmweltschutz, Verbraucherschutz a villes méi.

De Stock vun der Bibliothéik ass scho ganz grouss, e soll awer regelméisseg erweidert ginn… a virun allem si mir frou, wa vill Leit bei eis an d’Bibliothéik kommen.

Fir datt dat klappe kann, siche mäer een oder méi Leit, déi bereet si bei eis op éirenamtlechem Niveau dës Bibliothéik mat Liewen ze fëllen.

Aufgabe sinn:

  • Präsenzstonnen an Uspriechpartner an der Bibliothéik zu den Ëffnungszäiten
  • Commandë bei Verlagshäisser a Librairië maachen
  • Ausléinen, Zeréckhuelen an Araume vu Bicher
  • An: falls Interessi do ass, Encodéiere vu Bicher (dofir wieren awer speziell Formatiounen néideg)

Aarbechtsëmfang: flott wiere méi oder manner regelméisseg 4-5 Stonne pro Woch.

Mäer bidden: eng interessant Aktivitéit, zesummeschaffen an engem flotten Team an eng flott Atmosphär.

Wien Interessi huet soll sech melle bei: Oekozenter Pafendall, Françoise Schlink / Karin Struck: Tel 43903041, oeko@oeko.lu