• Print Friendly


Mataarbechter am Beräich Kommunikatioun, Biodiversitéit an Ëmweltpolitik gesicht

D’Erausfuerderung vu 50 Joer Mouvement Ecologique: Eis Strukturen – zesumme mat dem Oekozenter Pafendall – fit maache fir d’Zukunft!

De Mouvement Ecologique feiert 2018/2019 mat enger ganzer Rei vu verschiddene Konferenzen, dem KabarÖ, engem Karikaturebuch, senger offizieller Feier a villem méi säi 50. Gebuertsdag.

Et ass beandrockend, wat am Laf vun de 50 Jore vun de villen Engagéierten an d’Wee geleet an erreecht gouf a wou mir haut stinn. Dës weist och de klenge filmesche Réckbléck, deen Dir hei nokucke kënnt https://www.youtube.com/watch?v=hICLiNM8aQI.

E Gebuertsdag ass och d’Geleeënheet, fir ze kucken, op mir als Organisatioun fit si fir d’Zukunft.

De Mouvement ass haut frou, datt mir nach ëmmer eng lieweg Organisatioun sinn, déi ganz kloer um Éierenamt baséiert. An dat soll a muss och esou bleiwen. Et ass nach ëmmer eng grouss Bereetschaft do fir sech éierenamtlech ze engagéieren, mee d’Aart a Weis vum Engagement huet sech – opgrond vun de gesellschaftlechen Entwécklungen – am Laf vun der Zäit geännert.

Hautdesdaags brauch, an dat ass net nëmmen am Ëmweltberäich esou, eng Organisatioun, déi um Eierenamt baséiert, och verstäerkt Haaptamtlecher, déi ënnerstëtzen an zesummenhalen.

Trotz de groussen Erausfuerderungen, den Erwaardunge vun der Gesellschaft un Ëmweltorganisatioune wéi de Mouvement Ecologique an och der Tatsaach, datt ëmmer méi Aarbecht ze leeschten ass – gouf zënter den 80ger Joren awer just eng Persoun weider am Mouvement agestallt fir Projeten ze begleeden an eng Persoun fir Jugendaarbecht!

Dat haaptamtlecht Personal besteet also am Moment aus: 1,5 Persoun Sekretariat, 1 Responsabele fir move. an 2 Leit fir Koordinatioun an Dossieren. Eis Personaldecken ass absolut net méi op der Héicht vun der Zäit!

Ären Optrag als Member un de Mouvement – e groussen Challenge!

Dir erënnert Iech: Zum Optakt vun dem 50 Joer Programm huet de Mouvement Ecologique och eng Ëmfro bei Iech als Membere gemaach a gefrot, wéi d’Aktivitéite vum Mouvement vun Iech bewäert ginn a wat Är Erwaardunge fir d’Zukunft sinn.

Dir hutt dem Mouvement do eng ganz gutt Nott ginn, wat d’Vertrauen a seng Aarbecht betrëfft a gesot, datt Dir Iech als Member gutt vertruede spiert a villes méi. Villmools Merci fir dat Vertrauen an de Feed-back!

Ma d’Membere déi bei der Ëmfro matgemaach hunn, hunn dem Mouvement awer och e ganz kloren Optrag fir d’Zukunft ginn.

Bei der Fro, wat d’Memberen sech virun allem als Prioritéit vun den Aarbechte vum Mouvement an der Zukunft erwaarden, stoungen déi fachlech Stellungname mat groussem Virsprong un éischter Plaz (66%). Un zweeter Plaz mat 55%, datt de Mouvement weider kritesch Entwécklunge vun der Gesellschaft soll verfollegen.

Gesellschaftlech Erausfuerderunge stellen ons virun eng nei Verantwortung

Déi héich Erwaardunge vun de Membere vum Mouvement Ecologique ginn Hand an Hand mat grousse gesellschaftlechen Erausfuerderungen: dem Agrenze vun de Klimaverännerungen, dem Stopp vum massive Biodiversitéitsverloscht, dem Hannerfroe vum Wuesstemsdogma an dem Opbau vun engem anere Wirtschafts- a Gesellschaftsmodell, der Noutwendegkeet vun enger fundamentaler Reform vun der Landwirtschaftspolitik, der Politikverdrossenheet entgéint wierken a villes méi.

  • D’Strukture vum Meco fit maache fir d’Zukunft, och am Interessi vum Éierenamt!
  • Deen Challenge – esouwuel d’Erwaardunge vun de Membere wéi och d’Opgräife vun de gesellschaftlechen Defien – si net méi mat der haiteger Personaldecken ze leeschten. Dat aus ville Grënn:
  • Theme ginn ëmmer méi komplex. Fir Stellungnamen, Communiquéen, Avisen ze verfaassen, ass ëmmer méi fachlecht an och detailléiert Wëssen néideg, wat ee net nëmmen op éierenamtlechem Niveau kann hunn – hei brauch et eng haaptamtlech Begleedung;
  • D’EU-Politik kritt ëmmer méi eng wichteg Roll. Grad deen Engagement geet net ouni Haaptamt, déi Dossiere kann een net eleng als Éierenamtlechen niewent senger Schaff verfollegen.
  • Déi “al” Huesen am Mouvement haten d’Chance mat den Themen erop ze wuessen, an esou hiert Wësse lues a lues weider ze entwéckelen. Een deen haut ufänkt sech ze engagéieren, huet déi Chance net méi. Duerfir ass et wichteg, datt Éierenamtlecher déi sech engagéiere wëllen, op Ënnerstëtzung vu “Fachleit” zeréckgräife kënnen, déi och Zäit hunn.
  • De Mouvement muss méi Leit d’Chance ginn, bei eis aktiv ze ginn: «Ech spiere mech net kompetent genuch», esou eng méi oft gemaachten Ausso vu Memberen an der Ëmfro op d’Fro, firwat sie net och aktiv ginn. Et gëllt méi «Matmaach-Aktiounen» ze entwéckelen, Formatiounen, nach méi Méiglechkeeten sech ze begéinen… dat muss haaptamtlech organiséiert ginn;
  • D’Beispiller vun e.a. verschiddenen Aarbechtsgruppen awer och vu move. – eiser Jugendgrupp – weisen, datt am Mouvement nei Leit eruwuessen, fir d’Kontinuitéit vun eisem Engagement ze sécheren! Et gëllt si verstäerkt ze ënnerstëtzen, dëst och mat haaptamtleche Ressourcen.

Duerfir huet de Verwaltungsrot decidéiert, de Mouvement – gemeinsam mam Oekozenter Pafendall – konsequent fir d’Zukunft opzestellen. An de leschte Méint gouf sech an deem Kader och besonnesch beméit, zesummen nei finanziell Ressourcen opzemaachen.

Duerfir fannt Dir hei an den Downloads gemeinsam Ausschreiwunge vun neie Posten, fir eisen Team an deenen eenzele Beräicher ze verstäerken an ons esou den Erausfuerderungen ze stellen. Déi Ausschreiwungen entsprieche reelle Besoinen a sinn och finanziell ofgeséchert.

Eis Aarbecht vu 50 Joer ass ons och eng Verflichtung fir d’Kontinuitéit vun onsem Engagement fir d’Zukunft ze sécheren!

 

 

 

 Mouvement Ecologique a d’Berodungsservicer vum Oekozenter Pafendall –
verstäerkt Zesummenaarbecht a Synergien                                                                         

    • D’Asbl Oekozenter Pafendall, där hiren Träger de Mouvement Ecologique ass, ass net nëmmen e Gebai mat idealen Infrastrukturen (Konferenzraim, Büroen, Bistro…). Den Zenter bitt eng ganz Panoplie vu Leeschtungen un: D’Beroder vum Zenter schaffen op enger Rei vu konkrete fachleche Projet’en wéi z.B. Oekotopten, Zero waste a Plastiksthematik, Repair / Re-use, Ecolabel fir Hotellen, nohalteg Veranstaltungen (green events), solidaresch Landwirtschaft, ekologesch Bauberodung… vun deene mir och reegelméisseg am Kéisécker-Info berichten.
    • An Zukunft wäerten den Oekozenter Pafendall an de Mouvement Ecologique nach méi staark zesummeschaffen an esou weider Synergien entwéckelen. Dobäi sollen de Mouvement Ecologique, als ëmweltpolitesch Organisatioun, an den Oekozenter, a senger fachlecher Roll, natierlech jeeweils hir eegen Zilsetzung bäibehalen.
      • Déi Läit, déi eisen Team verstäerke sollen, wäerten fir di 2 Vereenegungen schaffen, wann och an ënnerschiddlecher Gewiichtung.