• Print Friendly


Loscht am Mouvement Ecologique aktiv ze ginn – kommt laanscht op e laberen Austausch?

Eng Rei Membere soen alt, datt si wéilten aktiv ginn am Mouvement, awer net onbedéngt wéissten, wéi eng Meiglechkeeten et gëtt.
Duerfir organiséiert de Mouvement e laberen Austausch, wou mir an engem klenge Grupp schwätzen, wat sech wien erwaart a wéi eng Méiglechkeeten et gëtt.

Esou léiert een sech och kennen a kann sech an engem relaxe Kader austauschen. Wichteg awer: deen Owend gi elo keng Stellungnamen duerchdiskutéiert, ma generell iwwert d’Schaffe vum Meco geschwat.

Hutt Dir Interessi: da kommt laanscht de Méinden, den 11. November um 18.30 Auer am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Stad. Sot awer w.e.g. onbedéngt am Virfeld Bescheed, datt mir eis bëssen op d’Zuel vun de Leit kënnen astellen: meco@oeko.lu.

A falls Dir deen Owend net kéint kommen, an awer Interessi hätt un engem Austausch, da sot eis Bescheed, mäer organiséiere wa méi Leit Loscht hunn nach e weideren Owend: meco@oeko.lu